De Matteo Griz Wolff huet sech an de leschte Méint ënnert dem Kënschtlernumm “Culture The Kid” bekannt gemaach.

Lauschtert hei de Reportage

De Matteo ass 18 Joer al a bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Culture The Kid. Musek mécht hie scho säit senger Kandheet. 2019 huet hie säin éischt Lidd erausbruecht, wat u sech eng Kollektioun ass vu verschiddene klenge Sätz déi hien iergendeng Kéier opgeschriwwen an dunn zu engem Lidd zesummegebastelt hat. „Living in the clouds“ huet des Single geheescht wat gutt gepasst huet, fir hien als Persoun duerzestellen, well hien sou oft gesot kritt, dass hie säi Kapp an de Wolleken huet.

Dëst Joer huet de Matteo de „Qwest Challenge“ vun der Rockhal gewonnen- wouduerch hien engem méi grousse Public bekannt gouf. Hien hat an deem Kader och d’Chance mat de bekannte Produzente vu Majestic eng professionell Opnam an engem Studio ze maachen- eng Erfarung déi dem Matteo vill bruecht huet.

Am Februar huet hie säin Mixtape „General Culture“  eraus bruecht deen sech dorëms dréint, wéi de Culture The Kid sech d’lescht Joer gefillt huet. Och an der Single „Glass Walls“ faasst hien des Gedanken zesummen. An deem Lidd huet hien einfach alles lass ginn, wat hien am leschte Joer esou geplot huet, Onsécherheet an d‘Gefill net méi weider ze kommen am Liewen.

Dobäi war et ee ganz gutt Joer fir de Matteo, hie war nämlech och an der éischter Staffel Capitani ze gesinn; de Matteo hat sech spontan beim Casting gemellt a dunn d'Roll vum Tun kritt, dem Tanja säi Frënd. Sech selwer op Netflix ze gesinn an enger Serie déi weltwäit sou gutt ukomm ass, war natierlech cool fir de Matteo.

An Zukunft setzt de Matteo awer vrun allem op seng Musekscarrière. No sengem Mixtape wëllt hien am Summer eng EP eraus bréngen, op där hien och d’Gittar an de Grapp hëlt. Wat de Stil vu senger Musek ugeet wëllt hien sech nämlech net op Hip-Hop limitéieren.