© pexels.com
Op Nofro huet de Gesondheetsministère 2 Haaptgrënn fir de massive Réckgang vun den Infektioune mam Grippevirus par Rapport zu de Wantere virdru genannt.
Zënter méi wéi engem Joer steet hei zu Lëtzebuerg quasi alles am Zeeche vum Coronavirus. Zäitweis huet een d'Gefill, dass déi normal Gripp komplett vum Coronavirus verdrängt gouf. Ma dëst Gefill ass guer net esou onbegrënnt. Iwwerspëtzt formuléiert kéint een esouguer soen, dass d'Gripp dëse Wanter dem Coronavirus zum Affer gefall ass. Déi sougenannte ''Respiratory Viruses Surveillance'' vum nationale Gesondheetslaboratoire huet dëse Wanter nëmme ganz wéineg Grippefäll registréiert. Wärend verschiddene Wochen, déi matzen an der Grippe-Saison louche goufen esouguer iwwerhaapt keng Grippefäll registréiert.
Op Nofro huet de Gesondheetsministère 2 Haaptgrënn fir de massive Réckgang vun den Infektioune mam Grippevirus par Rapport zu de Wantere virdru genannt.
Engersäits hätten sech dëse Wanter däitlech méi Leit géint de Grippevirus impfe gelooss ewéi an de Jore virdrun. Am Schnëtt géifen sech der Santé no an engem Wanter ronn 60 bis 80.000 Leit géint d'Gripp impfe loossen. Ma d'leschte Wanter wieren et der 110.000 gewiescht. Déi héich Demande no Impfungen hat esouguer dozou gefouert, dass de Ministère eng 30.000 Impfdosissen iwwer de Marché Public bestallt hat. Dat well déi normal Versuergung iwwer d'Apdikte riskéiert hat auszegoen.
An dësem Zesummenhang sief dann och drop higewisen, dass d'Santé virun allem de Leit iwwer 65, schwangere Fraen a Leit, déi am Gesondheetssecteur schaffen et recommandéiert sech géint déi saisonal Gripp impfen ze loossen.
Op der anerer Säit géingen d'Mesure géint de Coronavirus och géint d'Verbreedung vum Grippevirus hëllefen. Dat reegelméissegt Wäsche vun den Hänn, an den Ielebou néitsen a reegelméissegt Lëfte géifen och géint de normale Grippevirus hëllefen. Donieft hätten och de Mask an d'Anhale vum Ofstand dofir gesuergt, dass de Grippevirus sech net esou gutt verbreede konnt.
De Fait, dass de Groussdeel vun de Leit sech un d'Mesure géint de Coronavirus gehalen hat, hat deemno zwou positiv Konsequenzen. Engersäits ass Lëtzebuerg doduerch relativ gutt duerch déi aktuell Pandemie komm an anerersäits waren dëse Wanter däitlech manner Leit mat der Gripp geplot.