Obwuel et soss näischt anescht ass wéi ''Trash-TV'' zitt et enorm vill Leit virun de Fernsee. Mee wisou ass dat esou?

Lauschtert eran

Och wa ganz vill Leit et net wëllen zouginn, ass et dach den Trash-Tv dee se unzitt. Intellektuell gëtt een do net onbedéngt gefuerdert a villäicht ass genau dat ee vun de Grënn wisou mer et gäre kucken. Wann een de ganzen Dag op der Schaff ass, freet ee sech doriwwer och mol kënnen ofzeschalten a sech net grouss mussen unzestrengen. Ma dat ass net deen eenzege Grond.

Flucht aus der Realitéit

D'Ursaach ass hei änlech wéi beim genannten Ofschalten. Et kritt een d'Geleeënheet fir eng kuerz Zäit aus dem Alldag ze flüchten. Donieft erlieft een Héichten an Déifte vu frieme Leit an et hëlt een un der Romantik am deem Luxus Deel.

Mat dobäi sinn

An enger Etüd hunn d'Testpersounen uginn, dass se déi duergestallte Situatioun net just gesinn, mee se effektiv mat erliewen a sech un der total kënstlecher Duerstellung erfreeën. Obwuel ee weess, dass do ganz vill gespillt ass, versetzt ee sech total an déi verschidde Formater.

Lästeren an distanzéieren

Fuerscher no, gëtt et de Mënschen ee gutt Gefill, sech via-à-vis vun aneren ze erhiewen. Et gëtt mat Frënn a Frëndinnen iwwert eng Persoun gelästert, woumat och quasi definéiert gëtt wéi ee selwer net wëll sinn.

Spannung

Dat Motiv wat awer ganz kloer beim Bachelor kucken eraus stécht ass, d'Spannung. Kuckt ee sech d'Datingshow un, rätselt een automatesch wéi ee Kandidat oder Kandidatin eng Rous kritt a genau dat rode léisst Spannung aus.

Wann der also an Zukunft mol eng Kéier Loscht hutt aus ärem Alldag ze flüchten, iwwert een ze lästeren an dobäi och nach ee bëssen ze Rätselen, da rode mer iech un eng Datingshow ze kucken oder am allgemengen op den Trash-Tv zeréck ze gräifen. Mee vergiesst just net, dass der dat war der do gesitt, net ze eescht dierft huelen.