Och wann ee seng Déiere gär huet, nervt et wann d'Wunneng voller Hoer sinn. Ma gottsäidank ginn et do e puer Objeten déi engem beim Botzen hëllefen.

Lauschtert eran

Och wann de Mupp eventuell net op d'Kusch dierf, huet een d'Haus voller Hoer. Natierlech verléiert net all Déier vill Hoer, ma wann dat awer de Fall ass, kann ee scho mol frustréiere wann een d'Buuschten net méi vun de Kleeder oder vun de Miwwele wech kritt.

Deen éischte gudden Tipp si gummis Händschen. Dot se un, haalt se kuerz ënnert de Krunn a mat deene fiichten Händsche fuert der dann einfach iwwert den Teppech, Kusch oder d'Kleeder. D'Hoer sammele sech un den Händschen a sinn esou vill méi einfach ze entsuergen.

Donieft gëtt et nach eng speziell Biischt dofir. Ideal ass déi fir Decken, Kleeder oder Textilien am allgemengen. Méi skurril sinn dann awer eng al nylons Strëmp. Dëse musst der iech just iwwert d'Hand zéien an iwwert d'Uewerfläche fueren. Dono geheit de déi ganz Strëmp einfach an d'Dreckskëscht

Elo dann awer den absolutte Geheimtipp an zwar eng Raclette fir d'Fënsteren ze botzen. Domat léisst sech all klengt Hoer fänken. Am Idealfall hutt der eng Raclette mat enger méiglech schmueler Gummi-Lëps well sech déi ganz Hoer esou besonnesch gutt sammelen.

Wien dann eng speziell Wäschmaschinn huet, kann déi och notze fir d'Kleeder propper ze kréien. Verschidden nei Modeller hunn dofir nämlech een extrae Programm. Hutt der déi Méiglechkeet net, kënnt der d'Kleeder virum Wäsche fir e puer Minutten an den Trockner maachen. D'Hoer sammele sech nämlech am Fusselsift an do kënnt der se ganz einfach eraus huelen.