Den Ament ass en 20 Tonne schwéiert Deel vun enger chineesescher Rakéit am gaange Richtung Äerd ze falen.

Lauschter hei!

Den 29. Abrëll gouf zu Wenchang a China eng onbemannt Träger-Rakéit déi d’Raumstatioun “Heavenly Harmony” an den All bruecht huet gestart. Elo soll awer d’Träger-Rakéit onkontrolléiert zréck op d’Äerd falen. Dat Ganzt mat ongeféier 28.000 Km/h.

Den US-Verdeedegungsminister huet erkläert datt déi chineesesch Träger-Rakéit als ganzt Stéck erëm an d’Atmosphär antriede wäert, wou se zum Deel vergloust. Et wier awer net méiglech eng Aschlag-Plaz ze berechnen, well d’Träger-Rakéit keng eege Steierung huet, esou d’Experten. Am Normalfall hu modern Träger-Rakéiten eegen Düse fir e kontrolléierten Ofstuerz ze erméiglechen.

Et besteet also de Risiko datt d’Stécker vun der Rakéit a bewunnte Géigenden eroffale kéinten. Fir esou Situatiounen ze verhënnere gëtt d’Träger-Rakéit normalerweis kontrolléiert am Mier versenkt.

De Physiker Jonathan McDowell aus dem “Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics” erkläert datt déi ganz Aktioun irresponsabel wier.  Den Design vun der Rakéit wier net aktuell an et hätt sech och kee Méi ginn ze probéieren de Schrott-Problem ze miniméieren. Mat 21 Tonne Gewiicht an enger Gréisst vun 30 Meter op 5 Meter ass d’Träger-Rakéit och net kleng. Zudeem ass se enorm resistent géigeniwwer héijen Temperaturen, esou wäerten 20 bis 40% vun der Rakéit iwwereg bleiwen an op d’Äerd falen.

China mécht sech awer keng gréisser Gedanken a geet dovunner aus datt d’Stécker all an d’Mier fale wäerten. Ëmmerhi wiere jo 70% vun der Äerd mat Waasser bedeckt.

De Wëssenschaftler no wäert d’Rakéit tëschent dem 41.5 nërdlechen a südleche Breedegrad eroffalen. Esou wäert Lëtzebuerg warscheinlech net getraff ginn. Dëse Risiko besteet awer quasi fir all Land wat sech südlech vun der Schwäiz befënnt.