© Rockhal
Ënner wéi enge Konditiounen de Concert kann ofgehale ginn, seet eis de Rockhal Direkter Olivier Toth.
Et ass ee weidere Schrëtt a Richtung Normalitéit an eng Hoffnung fir d’ganz Museksbranche: D‘Rockhal organiséiert den 21. Mee am grousse Sall e Concert fir 1.000 Zuschauer. Ënner wéi enge Konditiounen dee kann ofgehale ginn, seet eis de Rockhal Direkter Olivier Toth.
No enger Serie vu klenge Concerten am Februar mat 100 Leit am Kader vun der Initiative "Because Music Matters" lancéiert d’Rockhal elo déi nächst Etapp: ee Concert den 21. Mee vum Serge Tonnar virun 1.000 Spectateuren. Et ass dee gréisste Concert hei am Land säit Ufank vun der Pandemie am Mäerz 2020. De Concert ass am grousse Sall, wou een eng Expertise vum Ventilatiounssystem maache gelooss huet. Wéi de Rockhal Direkter Olivier Toth seet, weess een doduerch, wéi déi muss agestallt ginn fir dass et eng maximal Sécherheet gëtt.
Da Concert ass och weiderhin am Sëtzen mat Distanz tëscht de Sëtzplazen. Et muss een deemno och am Virfeld seng fest Plaz reservéieren, d.h. d'Rockhal braucht d'Kontaktdate vun all Visiteur fir de Fall dass een dono misst een Tracing maachen.
Am Sall selwer gëllen di üblech sanitär Mesuren, d.h. de Mask ass am Sall obligatoresch an d'Bare bleiwe fir de Concert och nach zou. tëscht de Sëtzplazen.
D'Leit ginn och virum Concert getest an invitéiert, dat 7 Deeg dono nach mol ze maachen.
No engem éischte Concert mat dëser Capacitéit wëllt d’Rockhal dat dono mat nach méi Zuschauer widderhuelen. D’Rockhal huet nämlech Plaz fir méi wéi 6.000 Spectateuren. Bis esou grouss Concerten nees méiglech sinn, dierft et awer nach e bëssen daueren.
Tickete fir de Concert vum Serge Tonnar den 21. Mee kritt een elo um Internetsite vun der Rockhal.