Deemnächst sollen d'Mesure fir geimpfte Persounen an Däitschland gelackert ginn. Dat kéint och positiv Konsequenze fir Lëtzebuerger Residenten hunn.

Ugangs der Woch hat déi däitsch Regierung sech op eng Partie Oplockerunge vun de Corona-Mesurë fir geimpfte Persoune gëeenegt. Mëttlerweil, goufen dës Oplockerungen och am däitsche Parlament ugeholl. Vun e Sonndeg u, kéinten deemno eng ganz Partie vun de Corona-Mesuren an Däitschland fir geimpfte Persounen ewechfalen.

Ënnert anerem solle Persounen, déi vollstänneg géint de Coronavirus geimpft goufen, an Däitschland nees kënnen akafe goen ouni, dass si en negative Corona-Test virweise mussen. Och d'Ausgangsspär soll fir si net méi gëllen. Ausserdeem solle sich sech nees zu onbegrenzt ville Persounen treffen dierfen a si sollen och net méi a Quarantän mussen, wann si Kontakt mat enger infizéierter Persoun haten.

Ma och fir Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen a vollstänneg géint de Covid-19 geimpft goufen, huet d'Oplockerung vun de Mesure fir Geimpfter an eisem Nopeschland eng positiv Konsequenz. D'Flicht sech no enger Arees a Quarantän ze beginn, wäert nämlech fir geimpfte Persounen ewechfalen.

Bis ewell war et jo de Fall, dass ee sech, wann ee fir méi wéi 24 Stonnen an Däitschland gereest ass, huet misse bei der zoustänneger Gesondheetsagence umellen. Ausserdeem huet ee spéitstens 48 Stonnen no senger Arees missen en negative Corona-Test virweise kënnen. Bei enger Arees mam Fliger huet een esouguer virun der Arees missen en Test maachen. No der Arees huet een da misse fir op d'mannst 10 Deeg a Quarantän goen. No 5 Deeg Quarantän konnt een dann en Test maache fir Dës fréizäiteg ze verloossen.

Ma fir Mënschen déi zënter op d'mannst 2 Woche vollstänneg geimpft sinn, sollen dës Restriktioune bei der Arees an Zukunft ewechfalen. Allerdéngs muss een noweise kënnen, dass ee geimpft gouf. Dat sollt allerdéngs kee Problem sinn. All Mënsch, deen zu Lëtzebuerg an engem Impfzenter geimpft gouf, kritt en Zertifikat op deem d'Vaccinatioun confirméiert gëtt.

Eng Partie Bundeslänner haten d'Mesure fir geimpfte Persoune schonn en Donneschdeg opgehuewen. Dorënner och Rheinland-Pfalz. Wien also géint de Coronavirus geimpft ass, kann deemnächst nees op Tréier akafe goen, ouni virdrun en Test maachen ze mussen.

Lauschtert hei de Reportage!