Am Behind The Songs ginn et dës Kéier e puer Anekdoten zu enger Musekerin, déi dëst Joer 3 mol bei de Brit Awards nominéiert ass: d’Arlo Parks.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

D’Anaïs Marinho, oder mat sengem Artistennumm Arlo Parks, ass nëmmen 20 Joer jonk an ass zu London op d’Welt komm. Seng Mamm ass aus Frankräich a säi Papp kënnt aus Nigeria. Zënter senger Kandheet huet d’Sängerin sech ganz vill mat de Sproochen an der Literatur auserneegesat. Virum allem Gedichter liesen a Gedichter schreiwe mécht d’Arlo Parks gären. Dat spigelt sech ganz kloer a senge Songtexter erëm. Säin éischte Succès koum 2018 mam Lidd "Cola".

2019 koum dunn en EP dee sech "Super Sad Generation" nennt. Wärend der Pandemie huet d’Arlo Parks d’Méiglechkeet ausgenotzt fir säin éischten Album ze kreéieren. "Collapsed in Sunbeams" ass am Januar dëst Joer erauskomm an ass ganz gutt ukomm. D’Sängerin definéiert sech selwer als empathesch Persoun, déi deenen aneren hir Emotiounen afänken a matfille kann. Dofir huet d’Sängerin all seng Tagebicher a Gedichter gesammelt an doraus d’Inspiratioun fir seng nei Lidder fonnt. Ee Beispill ass d’Lidd "Eugene".

2 Joer no sengem alleréischte Concert trëtt d’Arlo Parks op der Bün vun de renomméierte Brit Awards op. Ënner anerem ass d’Songwriterin fir d’Kategorie vum beschten Album nominéiert.