Jidderee weess, dass d’USA eent vun den wéinege Länner ob der Welt ass, wou ee réischt ab 21 Joer legal Alkohol konsuméiere kann.

Och jidderee weess, dass déi Mannst sech hei dorun halen. Grad well et am Alldag sou Gewunnecht ass, dass d’Leit sech am private Kader net wierklech drun halen, wierkt déi méi héich Alterslimitt punkto Alkohol ob den éischte Bléck och net esou schlëmm. Allerdéngs verstoppe sech hannert där Thematik gréisser Problemer, un déi een den éischte Moment net denkt.

Eng vun de gréisste Konsequenze vum Alkoholverbuet bis 21 Joer ass, dass immens vill Studenten hei Fake ID’s, also gefälschten Identitéitskaarten hunn. Iwwer dubios Internetsäite kommen d’Keefer vu sou gefälschte Pabeiere via willkürlech Snapchat-Usernimm un d’Produzente vun deenen Dokumenter. Nodeems déijéineg dann e puer honnerten Dollar ausginn hunn, an all hier Donnéeën deene Verdeeler ginn hunn, déi meeschtens a China situéiert sinn, dauert et dann e puer Woche respektiv Méint, bis d’Fake ID’s per Post ukommen. Well dëst hei esou gängeg ass, vergiessen der vill, dass dat eng uerg Strofdot ass, déi a verschiddene Fäll mat Prisong bestrooft ka ginn.

Och wann een owes zu Puer eppes am private Kader ënnerhëlt, mierkt een d’Konsequenze vum héijen Alkoholsverbuetsalter. Wann dann heiansdo mol d’Campus-Police laascht kënnt fir drun ze erënneren, dass d’Rouzäit am Appartementsgebei esou lues opkënnt, verstoppen sech all déi déi ënner 21 Joer al sinn an e Béier gedronk hunn an de Buedzëmmeren a Kleederschief, fir net vun der Police beim Mannerjäregen drénken erwëscht ze ginn, vue dass et sech dobäi legal gesinn em eng Strofdot handelt.

Alles an allem wier Opklärung punkto Alkohol hei wuel méi produktiv wéi e méi héicht Verbuetsalter – oder et bleift ee ganz einfach beim Glas Cola, amplaz vum Béier.

Bis nächste Kéier vum Anouk aus Amerika