Fuerscher aus Holland hunn eng nei Method fonnt fir mat Covid infizéiert Leit z'identifizéieren. Dat Ganzt mat Hëllef vum Gerochsënn vu Beien!

Lauschter hei!

Wie mengt, d’Hënn wieren déi eenzeg Déiere mat engem ausgepräägte Gerochsënn läit falsch. D’Hunnegbei huet nämlech ronn 60.000 Gerochs-Rezeptoren déi sech op den Antenne befannen. Déi sinn och wichteg well mat dëse fënnt d’Bei den Nektar deen se braucht fir z'iwwerliewen. D’Bei ass am Stand déi klengsten Doft-Spueren z'erkennen a sech esou z'orientéieren.

Dat funktionéiert och zimmlech séier, well d’Hunnegbei “richt” d’Bléie wärenddeems se laanscht flitt. D’Bei ass esouguer an der Lag méi wéi eng Doft-Spuer gläichzäiteg z'analyséieren an tëschent hinnen z'ënnerscheeden.

D’hollännesch Fuerscher hu sech dat zu notze gemaach an d’Beien trainéiert de Covid-19 z'erkennen. Dofir hu se de Beie Covid Prouwe gewisen an se duerno mat Zocker-Waasser gefiddert. Duerno kruten se eng Prouf ouni Covid ze richen – hei ass et da keng Belounung ginn. Am Prinzip probéieren d’Fuerscher d’Bei dorop ze konditionéieren datt se de Geroch vum Covid mat Fudder associéiert.

Nodeems d’Beien dës Associatioun gemaach hunn, hu se ugefaangen hire Rüssel auszestrecken nodeems se eng positiv Prouf ze riche kruten, esou d’Fuerscher. Dat wier e kloert Zeechen datt d’Beien de Corona-Virus erkenne kënnen.

De gréisste Virdeel ass awer d’Schnellegkeet an där den Test gemaach ka ginn. E Schnell-Test dauert ongeféier 30 Minutten, en normalen Test e ganzen Dag – e Covid-test mat Beien ass quasi fäerdeg éier en ugefaangen huet.

Mat e bësse Chance muss een dann an noer Zukunft net esou laang virun de Caféë waarden.