Ëmweltfrëndlech Nuddelen aus dem Labo, dat klengt zimmlech skurril! Se sollen awer gutt schmaachen an u Verpackungsmaterial spueren!

Lauschter hei!

Fuerscher vun der Pittsburgh Universitéit hunn d’Nuddel revolutionéiert. Dat Ganzt ouni d’Rezept vum traditionellen Nuddels-Deeg ze veränneren.

Mee wéi ass dat méiglech a wat mécht dës Nuddelen esou speziell?

D’Äntwert ass d’Form – d’Nuddelen aus dem Labo sinn nämlech platt. Esou spuert een un der Verpackung. Platt Nuddele brauchen nämlech manner Plaz, well manner Loft tëschent hinnen ass. Also quasi de Géigendeel vun enger Tut Chips.

Dat speziellt ass awer datt, obwuel d’Nuddele virum Kache platt a langweileg sinn, se nom kachen all méiglech Formen unhuelen. Esou verwandele sech déi flaach Nuddelen a Spiralen, Rullen oder Wellen. Fir dëse Prozess ginn och keng Chemikalië gebraucht. Et ass en zimmlech einfachen Trick. D’Fuerscher vun der Pittsburgh Universitéit hunn einfach Rillen an d’Nuddel geritzt.

Déi ageritzte Säit mat de Rillen deent sech da beim kache manner staark aus, wéi déi aner Säit – esou kritt d’Nuddel da seng Form.

D’Iddi vun de platten Nuddelen ass vu Miwwel ofgekuckt. Déi ginn dacks a flaache Packunge verkaf, well se esou manner Plaz brauchen. Dat selwecht gëllt fir d’Nuddelen. Et spuert ee Plaz beim Stockage a beim Transport. Virun allem brauch een bis zu 60% manner Verpackungen.

Iwweregens schmaachen d’Nuddele wéi normal Nuddelen a sinn den Erfarunge vum Fuerscher-Team no, den optimale Proviant fir mat op de Camping ze huelen, well se souvill Plaz spueren..