Sech fir eppes ze motivéieren an déi Motivatioun ze behalen ass net ëmmer einfach. Ma fir, dass dat Méiglech ass, ass et wichteg eng Perspektiv ze hunn.

Lauschtert eran

An engem Interview mat Deutschlandfunk Nova huet den Neurowëssenschaftler Henning Beck e puer ganz interessant Äusserungen a punkto Motivatioun a Perspektiv gemaach. Virun allem elo an Zäite vun der Pandemie ass et d'Motivatioun déi bei verschidde Leit lues awer sécher verschwënnt.

Den Neurowëssenschaftler erkläert zum Beispill, dass ee selwer ganz vill Afloss dorop huet. Ried ee sech zum Beispill dauernt an, dass d'Motivatioun fort ass oder lues a lues verschwënnt, da passéiert dat och. De Fachausdrock dofir ass self fulfilling prophecy, esou den Henning Beck.

Ob een elo d'Motivatioun behält oder net, hänkt awer och vun der Perspektiv of. Och wann d'Zil wäit ewech ass wéi zum Beispill bis jidderee geimpft ass, hëlleft et sech dorop ze fokusséieren an esou seng Motivatioun ze behalen. Et ass wichteg, d'Luucht um Enn vum Tunnel ze gesinn an net am däischteren ze handelen. Besser ass et ee schlecht Zil ze hu wéi guer keent, esou den Neurowëssenschaftler weider.

Ee weidere gudden Usaz ass ee positive Réckbléck op déi vergaange Méint. Och de Gedanken, dass d'Situatioun elo manner schlëmm ass wéi nach am Januar, léisst een opootmen a motivéiert ee weider duerchzehalen.

Zesummefaassung

  • Riet iech selwer an, dass d'Motivatioun do ass an net verschwënnt
  • Halt iech d'Zil virun Aen
  • Verschaaft iech ee positive Réckbléck