An enger Etüd gi verschidde Männer mat engem bestëmme Kleedungsstil éischter friem wéi anerer.

Lauschtert eran

US-Amerikanesch Fuerscher hu sech Zäit geholl an ënnersicht, ob eng Persoun mat engem ganz bestëmmte Stil sech ze kleeden, éischter Friem geet oder net. Mat deene Resultater kann ee sech beim éischten Date verschidde peinlech Froe spueren, virausgesat et kritt een dat wat hannert de Kleeder stécht identifizéiert.

En Team ronderëm den Evolutiounspsycholog Daniel kruger vun der Michigan Universitéit, hu 400 Studenten zu genau deem Thema befrot. Alleguer kruten se zwee Ralph Lauren T-Shirts virun d'Nues geluecht: Ee mat engem méi klengen an ee mat engem méi grousse Logo. Se sinn du gebiede ginn, sech d'Besëtzer vun deene Kleeder virzestellen. Dono hu se op enger Skala vun 1 bis 100 missten uginn ob déi Leit zum Beispill vill flirten an trei sinn.

D'Resultat ass dat, dass déi imaginär Besëtzer vum T-Shirt mam grousse Logo, éischter d'Roll iwwerhuele vun engem Mënsch deen net trei ass a sengem Partner friem geet. Grouss Logoen demonstréiere Konkurrenzdenken a Flirtbereetschaft, woubäi kleng Logoen éischter mat Vertrauen a Zouverlässegkeet a Verbindung bruecht ginn.

An engem zweeten Deel sinn da just Männer gefrot ginn a wéi engem Kontext si déi T-Shirte géingen undoen. Ma och hei koum eraus, dass déi grouss Logoen éischter da gewielt gi wann se Dominanz demonsréiere wëllen. Klenge Logoen ginn dann éischter a Situatioune wéi engem Virstellungsgespréich preferéiert.

''Kleider machen Leute!''
Gottfried Keller