Am Lockdown huet de Bartleby Delicate seng nei EP opgeholl, déi de 14. Mee eraus kënnt.

Lauschtert hei de Reportage

De Georges Goerens huet virun iwwer 10 Joer mat der Band "Seed to Tree" ugefaangen Musek ze maachen. Well hien sech professionaliséiere wollt als Museker, huet hie virun iwwer 3 Joer mat "Bartleby Delicate" säi Soloprojet gestart. Et wier méi einfach op Tour ze goen wann een eleng d’Decisioune kann huelen, seet hien. Et leeft och gutt de Moment fir de Georges, dee mat e puer grousse Booking Agencen an Europa zesumme schafft.

D‘Covid-Pandemie huet hie genotzt, fir nei Lidder ze schreiwen- dorënner di nei Single "Sleeping Song". Inspiréiert gouf hien hei vun den 2 klénge Kanner vun engem gudde Kolleeg. Hei huet de Georges gesinn, wéi schéin awer och ustrengend et ass Kanner ze hunn. „Sleeping Song“ soll dofir ee Schloflidd sinn fir dass di 2 Kanner éischter an d’Bett ginn. Parallel dozou wollt hien heimat awer och e Lidd schreiwen driwwer, wéi e jonkt Kand seng eege Perséinlechkeet entwéckelt an dass et och ok ass, „anescht“ ze sinn.

Generell beschäftegt de Georges sech a senge Lidder vill mat sengen eegenen Originnen a mat senger privilegiéierter Identitéit doduerch, an engem vun de räichste Länner vun der Welt gebuer an all d‘Diren opgehat ze hunn. Hien huet duerch dee Privileeg d’Gefill, eppes mussen zeréck ze ginn an dat mécht hien virun allem iwwert d’Musek.

Esou ass elo seng nei EP "Deadly Sadly Whatever" entstanen – komplett am Lockdown, wat eng produktiv Zäit war fir de Georges – och wann hien villes méi introvertéiert gemaach huet – d.h. eleng doheem am Studio. Hien konnt och net live spillen a kucken, wéi de Publikum op di nei Lidder reagéiert. Hien ass awer zefridde mam Resultat, kann et awer net erwaarden, di nei Lidder live ze presentéieren. De 15. Mee mécht de Georges e klénge Pop Up Store mat enger Konschtperformance am Gronn.  De 5. Juni spillt hien e Concert an der Kulturfabrik zesumme mam Jazzbatteur Niels Engel.

Wéi de Georges virun 10 Joer mat Seed to Tree ugefaangen huet, hätt hien ni geduecht kënnen als professionelle Museker seng Suen ze verdéngen. Haut ass den Dram fir hien Realitéit ginn. Seed to Tree gëtt et iwwregens ëmmer nach. Enn vum Summer soll eng nei Single eraus kommen.