Et huet ee kuerz de Kapp an de Wolleken a schonn ass et geschitt - et huet ee falsch getankt. Dat ass schonn eng zimmlech penibel an deier Affär!

Dat Falscht ze tanke kann alt emol geschéien. Dat ass och net weider schlëmm, esoulaang een et séier genuch mierkt. Soss kéint et als emol passéieren, datt ee sech onerwaart en neien Auto kafe muss.

Och am Eldoland gouf ewéi et schéngt schonn emol falsch getankt. Mee wéi ass dat méiglech? Ëmmerhi steet grouss un der Bensinnspompel wat een tankt an de Schlauch vum Diesel passt net an e Bensinner...

Zum Gléck passen déi Meeschten awer dorop op wat se tanken.

Lauschter hei!