Schlofmangel ass eppes mat deem vill Leit geplot sinn. Verschidde Produite mam Schlofhormon Melatonin, verspriechen Wonner. Mir klären op.

Lauschtert eran

Op ville Plaze gëtt Melatonin als Hëllef beim Aschlofe benotzt. Eigentlech produzéiert de Kierper dat Hormon an der Zirbeldrüs an zwar wann et ufänkt däischter ze ginn. Ma a ville Reklamme gëtt dat Hormon a prepraéierte Produiten ugebueden an de Leit domat versprach nees ee gudde Schlof ze fannen.

Produzéiert eise Kierper Melatonin, geet eis Kierpertemperatur erof a mir gi midd. Fir et genau ze huelen ass et géint 2 a 4 Auer mueres, wou mer am meeschte vun deem Hormon ausschëdden. Wat natierlech dono dozou féiert, dass de Spigel nees fält. Luucht hemmt deemno d'Synthees vum Hormon  a reguléiert esou eise Schlof-Rhymus a beaflosst aus ënnerlech Auer.

D'Iddi dës Substanz dem Kierper einfach kënstlech zou ze féiere fir besser ze schlofen, kléngt deemno zimmlech logesch. Do gëtt awer, wéi esou dacks an der Anatomie, e klenge Problem. Meltonin dat mer zou eis huelen an net selwer produzéieren, gëtt an der Liewer zimmlech séier ofgebaut a nëmme wéineg dovunner kënnt och effektiv an d'Blutt.

Déi eenzeg Mënsche bei deem et kéint funktionéieren, sinn déi eeler Leit. D'Funktioun vun der Liewer léisst no, wat bedeit, dass méi vum Hormon säi Wee an eise Bluttkreeslaf fënnt. Ma och hei gëllt, dass et individuell verschidden ass.

Den Effekt ass also an deene meeschte Fäll nëmme ganz geréng.