Et gi Leit bei deene vergeet keen Dag ouni ze stëbsen, staubsaugen oder soss eppes ze botzen. Ma anscheinend kritt een dovunner ee grousst Gehier.

Lauschtert eran

Wärend et Persoune ginn déi Hausaarbechten ëmmer no hanne verréckelen, ginn et och nach déi, déi schonn déi ganz Wunneng gebotzt hunn iert déi aner iwwerhaapt mol dorunner denken. Mat deem Fait hu sech e puer Fuerscher aus Kanada befaasst an ënnersicht wat dat mam Gehier ze dinn huet.

Et ass villäicht net déi schéinste Beschäftegung, ma awer eng déi vill bréngt. A verschiddenen Analyse wollt den Noah Kablinsky vum Baycrest's Rotman Research Institut zu Toronto, zesumme mat senger Equipe genau dat ënnert d'Lupp huelen. 66 eeler Leit ouni kognitiv Beanträchtegung mat engem Duerchschnëttsalter vun 71 hu sech gesondheetlechen a kognitiven Tester ënnerzunn. Donieft sinn och Gehierscans, bei deenen dat ganzt Volume vum Organ ze gesi war, ënnersicht ginn. Wéi aktiv d'Testpersounen am Haushalt waren ass mat engem Froebou ermëttelt ginn.

D'Resultat ass nawell zimmlech interessant. Déi Persounen, déi vill Doheem kniwwele wéi zum Beispill botzen, oder am Gaart schaffen, hunn effektiv méi ee grousst Gehier-Volummen. Deen Effekt huet allerdéngs näischt mat der Beweegung ze dinn.

Déi liicht kierperlech Aktivéierung genau esou wéi d'Schaffen am Haushalt huet ee positiven Effekt op eist Häerz an eis Bluttgefäässer an domat eben och op eist Gehier. Fir d'Kachen, Botzen an d'Schaffen am Gaart ass Organisatioun ganz wichteg, wat am Gehier nei neurologesch Verbindunge mat sech bréngt.

An Zukunft gëllt et also d'Haushaltsaarbechten net méi no hannen ze réckelen.