Kanner eng gutt Erzéiung ze bidden ass méi schwéier wéi geduecht. Dacks gräift een op al Aussoen zeréck, déi net méi zäitgeméiss sinn.

Lauschtert eran

D'Wieder gëtt besser a mir denke lues a lues un de Summer, eventuell esouguer un eng Vakanz. Strand, Mier an eng Schwemm beim Hotel, esou gesäit fir vill Leit den Openthalt am Ausland aus. Wann een dann als Kand gäre schwamme geet, kann een dat och gäre maachen, ma awer op kee Fall nom iessen! Oder?

Vill Eltere soen hire Kanner, dass se eng Stonn nom Iessen net an d'Waasser dierfen. Ma dat ass hei awer soss näischt wéi ee Mythos. Dat eenzegt wat géint d'Schwammen nom Iesse schwätzt ass, dass ee midd gëtt, mee soss passéiert awer näischt. Vill méi wichteg ass, dass d'Kanner gutt schwamme kënnen.

E weidere Mëssel ass de Gedanken, dass déi kleng ee grousse Choix bei de Spillsaache brauchen. Ma och hei kënne mer iech berouegen. Schonn eleng de Fait, dass déi kleng Liiblingsspillsaachen hunn ass de beweis dofir. Ze vill Spillsaache bewierken esouguer genau de Contraire an zwar en Iwwerfloss vu Reizer. Dat huet zum Beispill d' Waldorfpädagogik erkannt a verzicht deemno op iwwerméisseg Reizer duerch Spillsaachen.

Zu gudder Lescht nach d'Ausso, dass ee vu Wuerzele besser Ae kritt. Heiansdo gëtt och mol gesot, dass ee vun de Wuerzele besser päife kann. Ma och déi Bemierkunge si soss näischt wéi waarm Loft.

E klengen Tipp kënne mer iech nach op de Wee ginn: Egal wat der héiert, esouguer wann et plausibel kléngt, hannerfrot et, recherchéiert a maacht iech är eege Meenung. Dat ass an all Liewenssituatioun ni dee falsche Wee.