Dëst Joer sinn bei de Brit Awards ënnert anerem d'Dua Lipa, d'Pink an de Rag'n'Bone Man als Live-Optrëtt dobäi.

Lauschtert eran!

Haut den Owend wäert zu London an der O2-Arena déi 41. Editioun vun de Brit Awards stattfannen. No de Grammys sinn d’Brit Awards déi zweet gréissten Auszeechnung an der Musekswelt. Am Fokus stinn dëst Joer awer net nëmmen d’Kënschtler.

Ënnert den Nominéierten an deenen 10 Kategorië sinn ënnert anerem d’Bilie Eilish, d’Ariana Grande, The Weeknd oder d’Foo Fighters. Zu de grousse Favoritte gehéiert den Owend awer virun allem d’Dua Lipa mat 3 Nominatiounen. Hatt kéint net nëmmen als bescht weiblech Kënschtlerin, mee och nach mat sengem Hit „Physical“ a sengem Album „Future Nostalgia“ ee Brit Award ofraumen.

Besonnesch d’Kategorie vum „Breakthrough Artist“ ass all Joers interessant ze beobachten, well een hei oft d’Stare vu muer gesäit. Hei zielen de Joel Corry, bekannt duerch säin „Head & Heart“, an d’Celeste, dat mir am Eldo-Albumcheck haten, zu de grousse Favoritten.

Bei där 41. Editioun wäerte fir déi éischte Kéier awer net nëmmen d’Museker am Fokus stoen. Zanter iwwert engem Joer sinn d’Brit Awards haut nämlech dat éischt Evenement bei deem erëm Public däerf dobäi sinn. D’Brit Awards gëllen als Test-Veranstaltung a ginn zesumme mam brittesche Ministère fir Kultur, Medien a Sport organiséiert. Den Owend wäerten also 4000 Leit, dovunner 2500 aus dem Fleegesecteur, live mat dobäi sinn, wann déi verschidde Museker hir Präisser iwwerreecht kréien.

Fir ze feieren datt d’Fans erëm zeréck sinn, hunn d’Organisateure vun de Brit Awards dann och e puer ganz exklusiv Live-Performancë geplangt. Zum Beispill kann een den Owend d’Pink, de Rag’n’Bone Man an d’Dua Lipa live op der Bühn erliewen.