Kee léiert gären, ob allefalls fir d’Examen oder en Test. Et ass wéi wann d’Konzentratioun fort wier, éier se do war. Kann hei Musek hëllefen?

Lauschter hei!

Kee léiert gären, also ob allefalls fir d’Examen oder eng Prüfung. Et ass wéi wann d’Konzentratioun fort wier, éier se do war. Zum Gléck kann awer Musek hëllefen, oder?

Musek lauschteren huet vill Virdeeler. Et ass quasi wéi e komplette “Workout” fir d’Gehier – da sollt se jo eigentlech beim léieren hëllefen.

De Problem ass: Musek beaflosst jiddereen aneschters! Kee Mënsch ass gläich. Aus deem Grond hëlleft d’Musek net bei jidderengem.

Dat heescht awer net datt een et net probéiere soll. Ëmmerhi ka se d’Motivatioun erhéijen, andeems se d’Gehier belount. Quasi wéi d’Stéck Schockela wat ee sech nom léiere verdéngt huet.

Mee net nëmme mat der Motivatioun geet et besser, d’Konzentratioun ass och erhéicht. Esou soll een Informatiounen net nëmme méi séier analyséiere kënnen, mee och de Sënn hannert hinne verstoen a se an de richtege Kontext setzen.

Vue datt dat awer net fir jidderee klappt ass et am Beschten et einfach ze testen. D’Wëssenschaftler recommandéiere Musek ouni Texter, zum Beispill klassesch Musek. Also näischt wat ze vill séier ass oder een iwwerrasche kéint. Ausserdeem soll d’Musek net ze haart sinn, well als Hannergrondgeräisch ass se méi effektiv. Natierlech soll se och ouni Pubbe sinn, well déi lenken of.

Vir Leit bei deenen d’Musek net hëlleft, déi kënne jo mat Geräischer aus der Natur oder engem konstanten dauschen als Hannergrondgeräisch experimentéieren.