E Covid-Test éier d’Rees ugeet, duerno Quarantän an dann erëm en Test. De Congé ass quasi eriwwer ier een den Hotel iwwerhaapt verloossen dierf!

Lauschter hei!

Déi virtuell Realitéit kann hëllefen! Déi erméiglecht et nämlech bequeem vun doheem aus op Reesen ze goen. Deen ee Moment kuckt ee sech nach d’Polarliichter un, deen nächste steet een zu Amsterdam an engem Musée.

Net nëmmen ass dat méi einfach - et muss een zum Beispill net Schlaang stoen -  mee et ass och nach gratis an ëmweltfrëndlech. Mat der App "Google Arts & Culture" kann ee sech ronn 2000 Galerien a Muséeën uechtert d’Welt ukucken. Des Weidere stinn iwwer 100.000 Konschtwierker a Villes méi zur Auswiel.

D’App gëtt et schonn zanter iwwer 10 Joer a gëtt och konstant aktualiséiert. Esou ass zum Beispill viru kuerzem d’Schlass vu Versailles dobäi komm.

A per Virtual Reality reesen ass einfach: App eroflueden a schonn huet ee quasi seng eege privat Tour. Ouni Hektik kann ee sech Konschtwierker aus alle méigleche Wénkelen ukucken. Donieft kritt een dann och nach zousätzlech Informatiounen iwwert de Kënschtler, léiert weider Wierker vun him kennen a kritt aner Recommandatiounen déi engem gefale kéinten.

Och wann iech Konscht net esou interesséiert, ass Reese per App awer méiglech. Eng ganz Partie Internetsäiten, ewéi zum Beispill 360cities.net, bidden nämlech och virtuell Trips a vill verschidde Stied.

Esou kritt ee wéinstens e bësse Vakanze-Feeling, dee mir alleguer esou vermëssen.