Du wëlls entspanen? Wéi wier et mat engem Video an deem eng Persoun op den Dësch tippt oder Knätsch- a Kraz-Geräischer mécht?

Klengt skurril, ass awer populär an nennt sech ASMR!

Lauschter hei!

ASMR ass en englesche Begrëff a steet fir « Autonomous Sensory Meridian Response ». Hei geet dorëms déi sougenannten «Tingles» auszeléisen.  Dës «Tingles» solle sech ewéi e Kribbelen ufillen, dat sech vum Kapp erof op d’Schëlleren zitt, quasi wéi Héngerhaut also. Doduerch soll ee méi entspaant a manner gestresst sinn a méi séier aschlofe kënnen.

ASMR baséiert sech op verschidde Geräischer, vu kraze bis schnipsen ass alles dobäi. Zum Beispill gesäit een an esou ASMR-Videoen Leit déi virun engem Mikro genësslech an eng Kornischong bäissen. Verschidde YouTuber reiwen och einfach knapp 20 Minutte laang un hire Leggings.

Dat Ganzt ass also relativ skurril, mee op allefalls och immens interessant. Hei déi ultimativ Tipps fir är ASMR-Experience: Am Beschte sëtzt dir iech op eng roueg Plaz a lauschtert iech mat Noise-Cancelling-Kopfhörer e puer Videoen un. An och wann et sech ufanks komesch ufillt, maacht de Video net aus, huelt iech Zäit a loosst et op iech wierken.

Och d’Wëssenschaft geet dovunner aus datt ASMR eppes bréngt. Esou hunn Etüde vun enger brittescher Uni erginn, datt ASMR de Bols reduzéiert. Esou entspaant sech de Kierper an de Geescht. Leider ass awer nach net wierklech méi iwwert d’Wierksamkeet vum ASMR gewosst. D’Fuerschung wier an deem Beräich nämlech nach an de Bëbee-Schong.

Am Endeffekt ass dat Wichtegst wuel awer, datt ee sech wuel fillt an entspane kann. Komplett egal ob duerch ASMR oder einfach spadséiere goen.