
© Scarred
Deen neie Video vun de Rocklab Pop-Up Sessions ass online! Dës Kéier mat dobäi: Scarred! Mir haten de Gittarist a Songwriter Diogo am Eldo-Interview.
Esou gutt et geet hunn déi 5 Museker vu Scarred sech an deem leschte Joer op d’Zäit no Corona virbereet. Si hu vill un hirem Sound geschafft, eng eege Light-Show fir hir Live-Optrëtter kreéiert an d’Zäit generell ganz kreativ genotzt.
“Mir hunn och ganz vill nei Musek geschriwwen. Bis op d’Live-Shows huet et eis net onbedéngt esou schlëmm getraff. D’ass natierlech schued, well mir hunn elo grad eng CD erausbruecht a kënnen déi net op Tour promoten. Dat ass zum Deel frustrant an e bëssen traureg, mee mir hunn dat Bescht draus gemaach.”
Mat de Pop-Up Sessions vum Rocklab krute Scarred dann elo endlech erëm d’Méiglechkeet fir zesummen als Band opzetrieden. Wuel virun engem virtuelle Public, mee e richtegen Energie-Boost war et trotzdeem.
“Et huet ee wierklech gemierkt datt mir scho laang net méi zesumme gespillt hunn, well mir waren duerno zimmlech ausgepowered. Et war awer eng gutt Erfarung a mir sinn definitiv dankbar, datt si eis déi Méiglechkeet ugebueden hunn.”
Nieft dem Fait datt d’Museker scho laang net méi zesumme gespillt hunn, huet och d’Location esou seng Erausfuerderunge mat sech bruecht. Scarred hunn nämlech 4 Stäck ënnert dem Buedem an de Caves Mercier gespillt, wuertwiertlech underground. Et war fiicht, kal, stëbseg, däischter a rau – passt also perfekt bei eng Metal-Band!
“Dat Wuert “ruppeg” kënnt engem do an de Kapp, mee an engem gudde Sënn. Dat heescht et passt schonn bei déi Musek déi mir maachen. Et war och relativ cool beliicht an d’Ambiance war relativ düster.”
An hirer Pop-Up Session presentéiere Scarred ganz exklusiv dräi Lidder vum neien Album. U jiddereen deem seng Hoer laang genuch si fir mat ze headbangen: Go fir it!