© Eldoradio
Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!
Widder
Wyn Starks - Dancing My Way
Maach d'Danzpist oder och soss all Wee fir d'Widdere fräi
Stéier
Travy Mc Coy ft Bruno Mars - Billionaire
Eis Stéieren dreeme vum räich sinn. Villäicht ass elo d'Chance vum Liewen do?
Zwilling
Au_Ra - Dead Girl (Shake My Head)
"Wat eppes" ass wuel dee Saz deen een am meeschte vun den Zwillingen héiert de Moment.
Kriibs
Remi Wolf ft Dominic Fike - Photo ID
D'Kriibsen hu mol nees Loscht e puer Fotoe vu sech ze maachen.
Léiw
Fergie ft Ludacris - Glamorous
D'Léiwe stolzéieren duerch d'Géigend wéi wann d'Welt hire Catwalk wier.
Jongfra
Lost Frequencies - Rise
Et geet aktuell nëmmen no uewe fir d'Jongfraen.
Wo
Zedd ft Hayley Williams - Stay The Night
Eis Woe wëlle Leit an hirem Liewen, déi fir méi wéi nëmmen eng Nuecht bleiwen.
Skorpioun
Ruth B - Situation
Aktuell stierze sech d'Skorpioune vun enger gelungener Situatioun an déi aner.
Schütze
Evanescence - Call Me When You're Sober
D'Schütze mussen ophale Leit unzeruffe wa se een iwwert den Duuscht gedronk hunn.
Steebock
Bakermat, Nic Hanson - Walk That Walk
Voller Zouversicht schloen d'Steebéck eng nei Richtung an.
Waassermann
Laserkraft 3D - Nein Mann
Obwuel mer net vill méi laang dierfen dobausse sinn, kommen d'Waassermänner als Lescht heem.
Fësch
Red Hot Chili Peppers - Can't Stop
Bei de Fësche heescht et dës Woch just Vollgas ginn. Stop kenne si net.