Am Wesentleche wäert een op 3 Aart a Weisen noweise kënnen, dass een net mam Coronavirus infizéiert ass.

Vun e Sonnden un, soll een nees bannen an de Restauranten an an de Caféen Iessen, respektiv drénken dierfen. Allerdéngs muss ee mat engem Test noweise kënnen, dass een net mam Coronavirus infizéiert ass. Dat kann een op 3 verschidden Aart a Weise maachen:

Als éischt, kann een en negatiivt Resultat vun engem PCR-Test, dat net méi al ewéi 72 Stonnen ass, virweisen. Am Idealfall ee bannent den 72 Stonnen éier een an de Restaurant goe wëll, an de Large-Scale-Testing geruff ginn. Am anere Fall, muss ee säi PCR-Test an e private Labo maache goen an do fir Dëse bezuelen. De PCR-Test ass de sensibelste vun allen Tester. Hei gëtt nämlech en Deel vun der Ierf-Informatioun vum Virus multiplizéiert. Dowéinst kann ee mat engem PCR-Test och scho ganz geréng Menge vun enger viraler Belaaschtung noweisen.

Déi zweet Méiglechkeet ass et en negatiivt Resultat vun engem Antigen-Test virzeleeën. Dëst dierf allerdéngs net méi al ewéi 24 Stonne sinn. Dësen Test muss dann och vun engem Professionellen aus dem Gesondheetssecteur, gemaach an zertifiéiert ginn. Dat kann zum Beispill en Dokter, en Infirmier, oder e Kiné sinn. Ausserdeem kann den Direkter vun der Santé e Staatsemployé oder e Fonctionnaire domadder beoptragen dës Tester ze maachen. Schliisslech kann dësen Test an den Apdikte gemaach ginn. Déi meescht Apdikt wäerten dëse Service da vun e Méinden un ubidden. Och dësen Test wäert vun der Persoun, déi sech testen, léisst bezuelt musse ginn. Dës Tester sinn allerdéngs manner sensibel ewéi d'PCR-Tester. Well dës Tester op Proteinne vum Virus reagéieren, weisen si nëmmen e positiivt Resultat un, wann een um Héichpunkt vu senger Infektioun ass.

Déi lescht Méiglechkeet, ass dann déi sech am Café, respektiv am Restaurant mat engem Selbsttest ze testen. Hei handelt et sech och ëm Antigen-Tester. Wann Dësen e positiivt Resultat uweist, wäert een de Café, respektiv de Restaurant verloossen an an Isolatioun goe mussen. D'Betriber aus der Horeca krute vun der Regierung am Ganzen eng hallef Millioun dëser Tester zur Verfügung gestallt. Wann Dës opgebraucht sinn, sollen d'Caféen an d'Restauranten hir Tester selwer kafe mussen.

Lauschtert hei de Reportage!