De Mupp ass flauscheg, gesäit léif aus an ass ëmmer gutt gelaunt. Mee domadder net genuch! Fuerscher soen elo, datt eng Honds-Therapie richteg Wonner bewie

Lauschter hei!

Therapie-Hënn si professionell ausgebilten Hënn, déi Mënsche mat bestëmmte Krankheeten hëllefen am Alldag eens ze ginn. An de meeschte Fäll ginn d‘Déiere bei Sprooch-Therapien, an der Pedagogie oder der Psychotherapie agesat. Dat well Hënn Angschtzoustänn, Aggressiounen a Stress reduzéiere kënnen. Dat gouf elo och vun enger Etüd bestätegt.

Ëmmer méi Schoulen, Universitéiten a Betriber bidde Stress-Management-Programmer un. Dat ass och wierklech wichteg, well nach ni ware mir esou gestresst ewéi aktuell. En Hond oder eng Kaz hëlleft, bestätegt och d’Dr. Patricia Pendrey vun der Washington State University. 10 Minutten heemelen reduzéiert Stress!

Am Kader vun der Etüd goufen déi mental Fäegkeete vun ongeféier 300 Studente getest. Wéi gutt kënne si sech konzentréieren, organiséieren oder plangen? Nodeems se dunn e Mupp hunn dierfen heemelen, gouf op en Neits den Test duerchgefouert. D’Resultat: Beim zweeten Test hunn d’Studente besser ofgeschnidden – heemele reduzéiert also effektiv Stress.

De Fuerscher ass dat awer net duer gaangen, si wollten nämlech nach méi Informatiounen. Ee Mount laang duerften d’Participante fir eng Stonn pro Woch en Hond heemelen. No den Heemel-Eenheete konnte fir bis zu 6 Woche verbessert Kognitiv Fäegkeeten noweise ginn.

Also falls dir alt erëm ze vill gestresst oder gereizt sidd, heemelt ärt Hausdéier! Oder rufft e Kolleeg mat engem Hausdéier un a léint et fir 10 Minutten aus!