Wie vill op TikTok ass deen huet warscheinlech scho vum Bella Poarch héieren. Eng richteg Star-Influencerin, déi elo als Musekerin duerchstart!

Lauschter hei!

Viru kuerzem huet d’Bella Poarch en Deal mat Warner Record ënnerschriwwen. Déi éischte Single ass Mëtt Mee verëffentlecht ginn.

Déi ongeféier 20 Joer al amerikanesch-philippinnesch Influencerin hat hiren éischte Succès d‘lescht Joer. A just 8 Méint huet hatt et fäerdegbruecht 40 Millioune Follower ze kréien. Domadder awer net genuch: D’Bella hält och de momentane Rekord fir de Video mat de meeschte Likes. Deen huet esouguer zu Collaboratioune mam James Charles an Tyga gesuergt.

D’Lidd an de passende Video goufe Mëtt Mee verëffentlecht. Den Titel: «Build a B*tch».

Mee wien ass d’Bella Poarch eigentlech? Esou richteg kloer ass dat nämlech net. Ënnert anerem weess ee mol net wéi al hatt genee ass. Gewosst ass, datt d‘YouTuberin op de Philippinne gebuer an duerno an d’USA geplënnert ass. Hei huet d‘Bella och eng gewëssen Zäit an der Navy verbruecht. Genee dee Fait bréngt awer weider Froe mat sech! Op enger Foto mat der Navy-Uniform gesäit een nämlech säi Schëld mam Numm. Hei steet awer net „Bella“, mee „Taylor“. Also weess ee weder wéi al hatt ass, nach wéi hatt richteg heescht.

Och iwwert d’Popularitéit gëtt spekuléiert. Esou behaapte verschidde Fans datt hannert dem Account eng Firma mam Numm « bas.media » stécht. Dëse Betrib fokusséiert sech nämlech op virale Contenu an d’Promotioun vu Museker an hirer Musek.