Dat ganzt Gemécks ass zwar essentiell fir eist Ökosystem, leider kënne se awer och ustrengend sinn. Zemools wann een am Gaart iesse wëll! Hei e puer Tipps:

Lauschter hei!

Als éischt muss ee wëssen datt d’Beien dacks net de Probleem sinn. Déi erniere sech nämlech just vu Pollen an Nektar. Dat heescht, sollt een eng Bei um Iessdësch gesinn, muss ee sech keng gréisser Gedanke maachen. Am Normalfall kuckt se sech just e bëssen ëm, flitt duerno awer rëm fort.

De Problem sinn d’Harespelen, déi sinn nämlech méi aggressiv an erstaunlecherweis och un der Kotlett um Grill interesséiert.  Fir ze verhënneren datt iwwerhaapt d’Harespelen optauche soll een als éischt emol séiss Liewensmëttel ofzedecken.

Huet een elo awer e Gaart mat vill Blummen, huet ee warscheinlech souwisou scho mat Insekten ze kämpfen. Da kann et hëllefe Basilikum, Zitrounegras, Peffermënz oder Lavendel unzeplanzen. D’Harespelen a d’Beien hunn de Geroch vun dëse Planzen nämlech net gären. Als klenge Bonus huet een och ëmmer frësche Kraider.

Als Alternativ kann een och Kaffis-Polver verbrennen. Einfach de gemuelene Kaffi an eng Schossel schëdden an unzünden. Esseg an «Teebaumöl» kënnen och hëllefen. Heivir e puer Lompen an den Esseg oder den Ueleg zappen an am Gaart verdeelt ophänken.

Iwweregens, falls een e Beien oder Harespels-Nascht a sengem Gaart oder vläicht esouguer a senger Wunneng huet, dierf een dat net selwer fort maachen. Wëll Beie stinn nämlech ënner Naturschutz. Am Beschte freet een hei Experten ëm Rot, da geet een och net de Risk a gepickt ze ginn.