Fir all d'Waasserrate ginn et gutt Nouvellen: zanter dem 16. Mee gëtt et zu engem gudden Deel méi einfach fir an de Baseng ze kommen.

Ganz vill Leit hu sech driwwer gefreet, dass een nees an de Restauranten an de Caféen dierf dobannen iessen. Ma och fir d'Schwemmen an d'Domaine Thermales huet sech d'Situatioun elo verbessert. Mer hu mam Jean-Claude Kemmer, Direkter vun der Réidener Schwemm geschwat.

Wisou déi nei Mesuren eng grouss Hëllef sinn:

Ma et ass net nëmme fir d'Besëtzer vun de Schwemme wichteg fir Leit kënnen eran ze loossen. Och fir d'Clienten wier ee frou d'Capacitéit kënner erop ze sëtzen.

Och fir d'Clienten ass et wichteg, dass nees méi Leit eran dierfen

Esou brauch ee vum 16. Mee un op mannst zu Réide keng Reservatioune méi ze maache fir eran.

Muss ech dann elo nach weider reservéieren?

Wann der nach weider Informatioune wëllt hunn, oder déi genee Mesure noliese wëllt, kënnt der dëst op www.reidener-schwemm.lu maachen.

Lauschtert hei de ganze Reportage