Eldoradio huet exklusiv mat enger Persoun geschwat, déi wärend der Corona-Pandemie reegelméisseg op illegal Partye gaangen ass.

Den 29. Februar 2020 gouf déi éischt Persoun zu Lëtzebuerg positiv op de Coronavirus getest. Mëtt Mäerz zejoert goufen dunn éischt Mesure géint d'Verbreedung vum Virus geholl. Zanterdeem goufen dës Mesuren a reegelméissegen Ofstänn, verlängert, verschäerft oder nees gelackert. Een zentralen Aspekt vun de Mesure war - an ass - et ze verhënneren, dass ze vill Mënschen op der nämmlechter Plaz beieneen kommen. Deementspriechend ass et zënter eppes iwwer engem Joer net méi méiglech zu Lëtzebuerg gréisser Partyen ze organiséieren. Op jiddefalls Keng, bei deenen ouni Mask, Ofstand a Sëtzplazen zesumme gefeiert a gedanzt gëtt. Oder besser gesot: Et sollt net méiglech sinn.

Uechtert dat ganzt Land, goufen - a ginn - ginn wärend der aktueller Pandemie nämlech illegal Partyen a Rave gefeiert.

Silent Partyen an Haiser, déi online gebucht ginn

Engersäits sinn dat Partyen, déi verstoppt an Haiser stattfannen. Wéi eng Persoun, déi reegelméisseg op dës Partye geet, an anonym bleiwe wëll, géigeniwwer Eldoradio sot, géifen dës Haiser an der Reegel iwwer eng bekannten Online-Plattform gebucht ginn. Ausserdeem wéisst een sech duerchaus esou unzeleeën, dass een no baussen net ze vill opfält. Et géif sech hei nämlech ëm sougenannten "Silent Partyen" handelen. D'Persoun mat där Eldoradio geschwat huet, huet hir Erfarung op enger vun dëse Partye folgendermoosse beschriwwen:

,,...Dat heescht jiddereen hat Kopfhörer - wireless Bluetooth Kopfhörer -, dat heescht jiddereen huet déi nämmlecht Musek gelauschtert. Do ass en DJ komm, mat DJ-Placken. Dat ass da bis 06h00, 07h00 Moies gelaf.``

Als zousätzlech Precautioun, géif een dann och ëmmer eréischt kuerz virdru gewuer ginn, dass iwwerhaapt eng Party stattfënnt. Der Persoun, déi bei eis am Gespréich war, no, géif een d'Informatioun, dass eng Party ass, an der Reegel eréischt e puer Stonne virum Ufank vun Dëser, kréien:

,,...Freides owes kritt jiddereen e Message: An enger Stonn, an zwou Stonnen ass eng Party ugesot.``

5 € fir e Ballon mat Laachgas a Liwwerdéngschter op Snapchat

Tëscht 30 an 100 Leit, géifen op deene Partye beienee kommen. Dës géife fir gewéinlech keng Entrée kaschten. Allerdéngs géife fir aner Saachen duerchaus Sue verlaangt ginn. Esou ënnert anerem fir Ballonen an deene Laachgas ass.

,,....Jo also du kriss elo Ballonen. Dat ass jo an der Moud. Ballone mat Laachgas dran. déi bezils de da 5 € d'Stéck. Mä ze Drénke bréngt jiddereen eppes mat. Wann net ass genuch do. D'Frigoe sinn all gefëllt...``

Ronderëm dës Partyen huet sech am Prinzip en eegene klenge Mikrokosmos entwéckelt. Hei sinn esouguer eege Liwwerdéngschter entstanen. Dës versuergen d'Leit, déi op dës Partye ginn, quasi ronderëm d'Auer mat Laachgas, Alkohol an Tubak:

,,....Et gëtt esou en Event,... op Snap. "Room Service" heeschen déi. Déi bréngen der zu all Auerzäit Plompe fir Ballonen, Shisha-Tubak an ze Drénken.``

Geographesch Koordinate bréngen een op illegal Raven

Allerdéngs si Silent Partyen, déi a gelounten Haiser stattfannen, net déi eenzeg Partyen, déi wärend der aktueller Pandemie gefeiert goufen. Schonn zënter méi laangem trëfft sech en Deel vun der Lëtzebuerger Party-Zeen op illegale Raven. Dës sinn an der Reegel op verstoppte Plazen oder a Bëscher. Mat de spontanen Treffen op der Kinnekswiss oder bei den 3 Eechelen hunn dës Raven awer wéineg ze dinn. Si wieren an der Reegel nämlech däitlech besser organiséiert. Hei géif een esouguer Koordinate geschéckt kréien, déi een op d'Plaz, op där gefeiert gëtt, féiere sollen:

"...Da kriss de 24 Stonne virdru Bescheed gesot. Da kriss de Koordinate geschéckt an dat bréngt dech dann an de Bësch."

am Géigesaz zu de Silent Partyen, kaschten dës Raven allerdéngs Entrée. Dës géif an der Reegel 5 € pro Persoun ausmaachen:

"...Da sinn do Leit, déi kucken an den Auto mat der Täscheluucht an zu sou vill wéis de bass, souvill... Also wann der zu 5 sidd, bezilt jidderee 5 € Entrée."

E puer honnert Leit feieren op verstoppte Plazen

Well dës Partyen dobausse stattfannen, kënnen hei och däitlech méi Leit, ewéi un de Silent Partyen deelhuelen. Et géif duerchaus virkommen, dass hei e puer honnert Leit zesummekomme géifen:

"....Da soen se wou's de Parke soll s an da fänk s de un d'Musek ze héieren. Bis dass de ganz era gees an da sinn op ee mol 100 Autoen do.."

Dass op dëse Raven esou vill Leit sinn, hätt der Persoun, déi mat eis geschwat huet, dann och domadder ze dinn, dass dës Raven an der Reegel méi accessibel ewéi d'Silent Partye wieren:

"....Silent Party, dat ass ëmmer mat Connections. Du muss kennen an hei an do. Mä Raves, dat geet duerch d'ganzt Land. Also dat sinn nach ëmmer Partyen, déi nach besser funktionéieren."

Op de Risiko, sech op enger vun dëse Partyen, oder op engem Rave mam Coronavirus ze infizéieren ugeschwat, huet d'Persoun, mat där Eldoradio geschwat huet, gesot, dass si sech no all Party géif op de Coronavirus teste loossen. Dat eleng schonn, well si de Virus net un hir Familljemembere wéilt weiderginn. Si hätt dann deementspriechend och kee schlecht Gewësse well si op dës Partye geet.

Eldoradio erënnert op dëser Plaz drun, dass de Fait, dass ee sech teste léisst, net verhënnert, dass een sech op esou enger Party mam Coronavirus infizéiert. Mir recommandéieren, dass dir iech un déi sanitär Mesuren haalt an iech dofir nom Enn vun der Pandemie ëmsou méi amuséiert.