Wéi ech am Januar hei an den USA ukomm sinn, hunn ech mech matzen am Peak vun den deeglechen Covid-Fäll fonnt.

Mat ronn 250.000 Neiinfektiounen den Dag war ech zuelentechnesch zu enger dramatescher Zäit hei agetraff. Trotz dësen Zuele waren d’Restriktiounen hei schonn ëmmer däitlech méi labber wéi bei eis an Europa.

Wärend doheem all Restaurant, Café an Änleches laang zou war an ee wärend enger Zäit am Wanter legal maximum zwou Persounen aus dem selwechte Stot dierft empfänken, louch d’Limite u Persounen, déi een doheem dierft hunn hei bei 10 Leit – eppes wat et bei eis fir d’Läscht am Spéitsummer ginn ass. Och Restauranten, Caféen an aner Entreprise waren hei zënter dem Summer riicht duerch op.

D’Thema Mask gouf hei och anescht behandelt wéi zu Lëtzebuerg. Oft war et net obligatoresch, mee éischter eng Recommandatioun oder ofhängeg vun der Decisioun vun eenzelen Entreprisen. Dëst huet een oft am ëffentlechen Transport gesinn, wou schätzungsweis ee Véierel vun de Leit keng Masken unhaten, zemools wann se nëmmen e puer Arrêt’en matgefuer sinn.

Punkto Transport fält och d’Thema reesen – nach eppes wat hei quasi ouni weider Ëmstänn méiglech war. Vereenzelt Plaze wéi San Francisco oder New York City hate streng Testflicht- a Quarantänregelen, mee ob déi meescht Plazen am Land konnt een ouni Problem mam Fliger oder Auto hireesen.

Nach eng grouss Differenz zu doheem war d’Impfung, déi hei däitlech éischter disponibel war. Als immens jonken, net-US-Staatsbierger ouni iergendwellech gesondheetlech Konditioune krut ech Mëtt Mäerz hei meng Impfung, wärend et zu där Zäit zu Lëtzebuerg nach fir déi iwwer 65-Järeg reservéiert war.

Alles an allem war et punkto Aktivitéiten a Fräiheeten hei méi opreegend wéi dee Moment doheem, mee et wier éierlech gesot net ideal gewiergt fir Leit mat immenser Angscht oder virleiende Gesondheetskonditiounen.

Ciao vun ärem Anouk aus Amerika!