Elo mat den Impfunge géint de Covid19 verlaangen och eng Rei Universitéiten, dass hir Studente musse geimpft si fir um Kuer dierfen deel ze huelen.

Fir d'Primaner ass et  geschwënn Realitéit, fir aner Jonker ass et ee Comeback: d'Rentrée op der Uni. Och wann elo mol nach gréisstendeels déi grouss Vakanz virun hinne läit muss ee sech schonn ëm eng ganz Partie Saache Gedanke maachen. Eppes ass dann do elo dobäi komm: eng Impfung.

Eng ganz Rei Unien ausserhalb der EU verlaangen elo vun hire Studenten, dass dës geimpft si géint de Covid19, fir iwwerhaapt dierfen un de Coursen deelzehuelen. Elo stellt sech bei de Studenten, déi an dem Fall sinn eng legitim Fro: kommen ech mat Zäiten drun?

Lauschtert hei de ganze Reportage

Fir ze verhënneren, dass déi betraffe Studenten an eng schwiereg Situatioun kommen, hu se d'Méiglechkeet vun der ACEL gehollef ze kréien. Déi lëtzebuergesch Studentevertriedung huet dowéinst den Opruff gemaach, dass Studenten déi eng Impfpflicht vun der Uni aus hu sech bei hinne mellen. D'ACEl wäert d'Dossiere vun de Studenten un de Gesondheetsminsitère weiderleeden esou, dass dës mat Zäiten ee Rendez-Vous fir hir Impfung kënne kréien. Bis den 31. Mee kann een dat nach maachen. D'Konditiounen fir dës Hëllef kënnen an Usproch ze huelen si folgend:

  • Op enger Uni ageschriwwe sinn, bei der eng Impfung géint de Covid-19 verlaangt ass fir dierfen un de Coursen deelzeuelen
  • Ee Beweis hunn, dass d'Uni dës Impfung vun hire Studente verlaangt.

Wéi d'Michelle Heyder vun der ACEL weider seet ass d'Roll vun der Studentevertriedung just d'Iwwermëttlung vun den Dossieren un de Gesondheetsministère.

Weider Informatiounen an de Formulaire deen der an esou engem Fall ausfëlle musst, fannt der op www.acel.lu