© Unsplash
Du wëlls mam joggen ufänken; mee du bass onmotivéiert an hues einfach keng Loscht. Dann hu mir genee déi richteg Tipps fir datt den 1. Laf-Training klappt!
Lafe goen ass eng vun de beschte Methode fir a Form ze kommen. Mee leider ass et awer net eppes fir jiddereen. Dobäi ass et awer eigentlech ganz einfach mam lafen unzefänken – alles wat ee brauch si gutt Schong, bequeem Sports-Saachen an e bësse Motivatioun.
Et muss ee wëssen: All Ufank ass schwéier. Dowéinst kann et hëllefe sech seng Motivatioun virun Aen ze halen – einfach e Post-it mat dem Grond ophänken. Zum Beispill : Ech wëll lafe goen, well ech meng Gesondheet verbessere well. Feelt d’Motivatioun, soll een einfach op den Ziedel kucken. Wat d’Zil méi konkret ass, wat ee méi séier motivéiert ass.
Virum 1. Training soll een da kucken datt ee gutt Lafschong huet - also keng 10€ Turnschlappen - am beschte freet een de Verkeefer ëm Rot. Den Training soll dann ëm 40 Minutten daueren. Hei soll ee sech och net iwwerfuerderen, mee einfach ofwiesselend lafen an trëppelen – awer net ze séier. Dat ass nämlech ee vun de gréisste Feeler déi een am Ufank maache kann.
En Tipp: Einfach e Kolleeg mathuelen. Kann ee sech ouni Problem mat deem ënnerhalen, huet een dee richtegen Tempo drop. Fält engem d’Schwätze schwéier, soll ee méi lues lafen.
Des Weidere sinn Ufänger heiansdo ze vill motivéiert a vergiessen et Pausen ze maachen. Zu Gudder lescht, soll ee sech net mat anere Leefer vergläichen – dat veronséchert nëmmen. Ufänger solle sech just op hiren eegene Fortschrëtt konzentréieren. Esou bleiwen d’Lafschung un de Féiss an net am Schungschaf.