Den 1. Job mat 16, dat ass schonn e grousse Schrëtt. Déi eng gi babysitten a verdénge quasi näischt. Déi aner poste Fotoen a verdénge sech eng gëllen Nues!

Lauschter hei!

Zanter leschtem Joer ass d’Alicia Breuer aus England op TikTok aktiv. Dat fir virun der Monotonie vum Lockdown ze flüchten – eng vun de beschten Entscheedungen déi hat treffe konnt. Well mat dësem Account verdéngt dat 16 Joer jonkt Alicia all Dag e kléngt Verméigen.

Duerch seng 700.000 Follower, déi hat zanterhier  gesammelt huet, sinn och bekannt Marken wéi Urban Outfiters oder Fenty Beauty op hatt opmierksam ginn. Esou verdéngt hat jee no Dag iwwert 11.000€.

A senge kuerze Videoe gëtt hatt Beauty a Fashion Tipps oder séngt einfach Lidder vum Drake, Karty Perry oder de Bee Gees mat. Dat kuerzt Video-/Foto-Format huet weider vill Virdeeler: zum Beispill brauch d’Alicia just maximal 1 Stonn fir e Video ze beaarbechten.

@aliciabreuer0

hate to be that person but my dogs cuter than yours

♬ sonido original - mateocentenoo

Domadder awer net genuch : Kuerz no dem Erfolleg hu sech och déi éischten Talent-Manager gemellt. Esou steet d’Alicia lo ënner Kontrakt a verdéngt méi wéi seng Elteren, déi iwweregens als Finanz-Beroder schaffen.

Dem Alicia geet dat awer nach net duer! D’Zil ass et en eegent Fashion-Label opzebauen. Dat kéint esouguer klappen. Genuch Succès schéngt et jo ze hunn a mat der Ënnerstëtzung vu Famill a Frënn, steet sengem Dram net méi vill am Wee !