D’Schlofkummer, déi eenzeg Plaz wou « méi spéit komme » gutt ugesinn ass. Fuerscher hu sech elo méi genee domadder beschäftegt.
Am Kader vun enger Etüd huet « SaucyDates » knapp 4.000 Leit iwwert hiert Sex-Liewen ausgefrot. Méi spezifesch wollten d’Fuerscher wëssen: Wéi laang d’Leit Sex hunn a wéi laang den « Techtelmechtel » dauert - natierlech ouni Virspill!
Bei der Auswäertung ass et da spannend ginn. Esou hunn déi weiblech Participanten uginn dat si am Duerchschnëtt gäre Sex fir 25 Minutten a 51 Sekonnen hätten. Bei de Männer sinn et nëmmen e Puer Sekonne manner, mat 25 Minutten a 43 Sekonnen.
Hei entsteet awer leider e Problem. Obwuel Mann a Fra sech quasi déi selwecht Zäit un Zweesamkeet wënschen, sinn d’Männer dacks net am Stand hei matzehalen.
Esou ass d’Fra an de meeschte Fäll de Gewënner an de Verléierer gläichzäiteg, well am Schnëtt wurschtelt de Mann vir just ongeféier 16 Minutte ronderëm éier en aschléift. Ganzer 8 Minutte manner wéi déi gewënschten Zäit. Mee leider huet och d’Fra Schwieregkeeten un de 25 Minutten ze krazen.
Zum Gléck ginn et awer och gutt Noriichten : D’Männer si wéi e gudde Wäin, mat der Zäit gi se besser. Esou solle se an hiren 30er déi beschte Performance ofliwweren.
Iwweregens hunn der Etüd no d’Männer aus den USA déi meeschten Ausdauer mat 17 Minutten a 5 Sekonnen. Ganz no hannendrun ass Kanada mat 17 Minutten an op der 3. Plaz kommen se down under, also aus Australien.
Zum Schluss soll een awer wëssen : Eigentlech ass et ganz egal wéi laang ee Sex huet, soulaang ee seng Zäit genéisst. An am aller schlëmmste Fall huet een ëmmer d’Méiglechkeet fir Ronn 2!