Dass de Konflikt tëscht béide Säiten an de leschte Wochen nees opgeflaamt ass, huet ënnert anerem mat der Fro vum Status vun der Stad Jerusalem ze dinn.

Zënter dem 6. Mee ass de Konflikt tëscht Israelien a Palestinenser am noen Osten nees akut opgeflaamt. Allerdéngs kann een déi rezent Ausenanersetzungen net verstoen ouni, dass ee sech d'Gesiicht vun der Bezéiung tëscht dem Staat Israel a Palestina an tëscht de Mënschen, déi an hinne liewen, ukuckt.

Fir dëse Konflikt ze verstoen, muss een nämlech zeréck an d'Joer 1917 reesen. Deemools haten d'Britte Palestina eruewert. Zum selwechten Zäitpunkt goufen a villen europäesche Länner Judden ausgegrenzt a verfollegt. Deementspriechend entstoung d'Iddi vun engem eegene jüddesche Staat. Dat um Gebitt vu Palestina. Hei haten nämlech scho virun iwwer 2000 Joer jüddesch Mënsche gelieft.

Genee hei, huet dëse Konflikt säin Ursprong. D'Palestinenser waren nämlech net domadder averstanen en Deel vun hirem Land un nei Siidler ofzeginn. An deenen nächsten 30 Joer ass et deemno ëmmer nees zu Konflikter tëscht béide Säite komm.

1948 hunn dunn d'Vereenten Natioune versicht dëse Konflikt ze léisen. Dat andeems den deemolege Staat Palestina an 2 Länner opgedeelt gouf. Eent fir d'Palestinenser an eent fir d'Israelien. D'Palestinenser waren allerdéngs wéineg begeeschtert d'Hallschent vun hirem Staat un déi nei Siidler ofzetrieden. No dëser Opdeelung, war et zu 6 Kricher tëscht Israel a sengen Nopeschlänner komm.

Haut ass de Staat Israel méi grouss, ewéi dat am urspréngleche Plang vun den UN virgesi war. Dëst ass ee vun de Grënn firwat de Konflikt tëscht béide Säite bis haut undauert. Et ass virgesinn, dass e Staat Palestina gegrënnt gëtt. Allerdéngs gëtt een sech net eens wou dësem seng Grenze verlafe sollen. Dëse Problem steet dann och a Relatioun mat Deem vun den israelesche Siidlungen. Zënter 1967 loossen sech israelesch Siidler op palestinenseschem Gebitt nidder. E weidere Sträitpunkt ass dann d'Stad Jerusalem. Dës läit haut an Israel. Mat der Klo-Mauer an dem Tempelbierg leien hei esouwuel fir de Juddentum, ewéi och fir den Islam zwou zentral Pilgerplazen.

Dass de Konflikt tëscht béide Säiten an de leschte Wochen nees opgeflaamt ass, huet dann och mat der Fro vum Status vun der Stad Jerusalem ze dinn. De 6. Mee hat den ieweschten israelesche Geriichtshaff nämlech decidéiert, dass 6 palestinensesch Famillen hir Wunnengen an engem Quartier an Ost-Jerusalem verloosse mussen. Israel betruecht Ost-Jerusalem als Deel vun Israel. Dat nodeems et Dëst an engem Krich annektéiert hat. D'Palestinenser akzeptéieren dat allerdéngs net. Fir déi palestinensesch Befreiungsorganisatioun PLO ass Jerusalem esouguer d'Haaptstad vu Palestina. Zënter dem Ufank vum rezente Konflikt sinn op d'mannst 217 Mënsche gestuerwen.

Lauschtert hei de Reportage!