Eisen Job hëllt ee groussen Deel vun eisem Liewen an Usproch. Mee et musse Limitte ginn. Well ze vill Iwwerstonnen souguer zum Dout féiere kënnen.

Mol hei nach eng Stënnche méi laang bleiwen, de Weekend nach eemol séier era gespronge kommen fir dee Bericht nach fäerdeg ze schreiwen, dass de Chef en och e Méinde prett do leien huet... Iwwerstonne kommen ëmmer nees fir. Mee iergendswann kënne se och liewensgeféierlech ginn.

Wéi d'Weltgesondheetsorganisatioun elo matgedeelt huet, muss ee sech ganz kloer Limitte setzen wann et drëms geet méi wéi déi festgesate 40-Stonne-Woch ze schaffen. Deemno géif ee schonn ab enger Schaffwoch vu 55 Stonne gesondheetlech Suitte riskéieren déi liewensgeféierlech gi kënnen. D'WHO an déi International Aarbechtsorganisatioun ginn dovun aus, dass am Joer 2016 weltwäit engg 398'000 Leit un engem Hireschlag a weider 347'000 Leit un enger koronarer Häerzerkrankung gestuerwe sinn. Dat well se eebe 55 Stonnen oder méi all Woch geschafft hunn.

Lauschtert hei eran!

Weider mengen déi zwou Organisatiounen, dass ganz kloer keen Job vun der Welt et wäert wär sech dofir dout ze schaffen. Et wier un deenen eenzelne Regierungen, Employeuren wéi och den Aarbechter selwer ze kucken, dass gesetzlech Limitte gesat ginn, ma sech awer och dru gehale gëtt. A Schutzmoossnamen agesat ginn, déi och garantéieren, dass dës Limitte respektéiert ginn.

A Japan gëtt et jo och een eegent Wuert fir den Dout duerch ze villt schaffen. "Karoshi". Et ass dann och haaptsächlech an Ostasien, Südostasien, Indien wéi och Afrika a Südamerika wou déi meeschte Leit duerch Iwwerschaffe stierwen. Dat well d'Aarbechter an deene Géigende vill manner geschützt si wéi zum Beispill an Europa oder Nordamerika.