© Pexels
Fir op der Plattform Klicks ze kréien, wollten e puer Frëndinnen eppes probéieren an hunn ee Koup Stréi ugefaangen. Ma d'Feier ass ausser Kontroll geroden.
Net alles wat blénkt ass Gold. Esou kann een och d'Plattform TikTok beschreiwen. Säit 2016 gëtt et se a säit 2018 ass se den Nofollger vu musical.ly. Säit deem Joer verbreet sech d'App op der ganzer Welt wéi ee Laffeier, wat hei och elo d'Stéchwuert ass.
Op TikTok hunn nämlech zwee Meedercher a Russland probéiert mat hirem Video vill Opmierksamkeet ze kréien. Eng Iddi déi fatzeg no hanne lass gaangen ass. Wéi déi zwee Feierstëppler den 195 Tonne schwéiere Koup Stréi ugefaangen hunn, hu se sech dunn och séier aus dem Stëbs gemaach. Wéi d'Police matgedeelt huet, hunn déi zwee spéider gesot, dass se ee Video fir TikTok maache wollten.
Et ass kee Geheimnis méi, dass Likes op de soziale Medie bei verschiddene Leit ee Belounungs-Gefill ausléisen. Ee Gefill dat probéiert gëtt ze reproduzéiere wat deemno zu esou Aktioune féiert wéi bei deenen Meedercher a Russland. Et wëll een ëmmer méi Opmierksamkeet a méi Likes. Ee Verhale wat virun allem bei ganz jonke Leit kann no hanne lassgoen.
De Psycholog Phillip Ozmiek, huet zesumme mat senger Equipe vun der Ruhr-Universitéit Bochum eng Etüd zum Thema duerchgefouert, ob et een Zesummenhang tëscht sozialen Netzwierker an depressiven Tendenze gëtt. Ee vun de Schlëss déi se aus hiere Fuerschunge kënnen zéien ass, dass d'Konfrontatioun mat sozialen Informatiounen zu engem geréngere Selbstwäertgefill féiert, esou de Phillip Ozmiek.
Mat TikTok, Instagram, Facebook a Co., ass et wéi mat villem: Mat Virsiicht ze genéissen.