Sech all Dag 8 Stonnen op d'Aarbecht schleefen an dobäi och nach motivéiert ze sinn ass net evident. Mir soen iech wéi der äert Team motivéiert.

Lauschtert eran

Huet een op der Schaff een onmotivéierte Grupp, dann ass et schwiereg Dynamik an Energie a Projeten ze bréngen. Et befënnt ee sech an engem Hamsterrad an deem jiddereen deen anere quasi motivéiert onmotivéiert ze sinn. Hei ass et wichteg déi richteg Method ze fanne wéi ee Schwong an dat Ganzt brénge kann.

Erkennt d'Ursaach vun de Problemer

Fir all Situatioun gëtt et eng Ursaach. Et ka mol sinn, dass déi eng méi einfach ze identifizéieren ass wéi eng aner ma erausfanne kann een allerdéngs all Ursaach. Huet een se bis fonnt, muss ee sech mol dohannert sëtzen déi aus der Welt ze schafen.

Fleegt är Bezéiungen

Frot reegelméisseg wéi et äre Leit geet a probéiert iech och mol fir anerer anzesetzen. Gesinn d'Leit nämlech, dass der engem net an de Réck faalt, mee engem de Réck stäipt, sidd der um gudde Wee, dass sech d'Motivatioun vum selwen ergëtt.

Sidd ee gutt Beispill

Et bréngt kengem eppes wann dir selwer onmotivéiert sidd an awer probéiert Motivatioun ze verbreeden. Eng Equipe kuckt de Leader an deemno handelt se och. En Team ass normalerweis ëmmer d'Spigelbild vum Leader.

Acceptéiert nei Iddien

No engem ale Schema ze funktionéieren an dat mat der Argumentatioun, dass et nach ëmmer esou gewiescht ass, bewierkt hei genau de Contraire. Huelt nei Iddien un an envisagéiert se och ëmzesetzen.

Sidd realistesch

Probéiert Ziler ze setzen, déi och effektiv ze erreeche sinn. Et bréngt kengem eppes wann ee seng Leit un engem Projet schaffe léisst deen héchstwarscheinlech souwisou ni wäert ëmgesat ginn.

Konstruktiv Kritik

A ganz ville Firme gëtt gäre kritiséiert an dat ouni konkret Verbesserungsvirschléi ze ginn. Eng Kritik, sief se positiv oder negativ, muss ëmmer gutt begrënnt ginn. Ass dat bis gemaach muss een och eng Propos gi wéi een et genau ka besser maachen.

Motivatioun ass eppes wat net einfach esou kënnt. Se muss provozéiert ginn an dat kann een am beschte mat deenen uewe genannte Methoden. Wann eng ganz Equipe onmotivéiert ass, läit et eventuell un deem dee vun uewen erof dirigéiert.