D'Schong fänke bemol un ze Sténken? Sprayt se mat Wodka an! D'Wäsch muss gemaach ginn? Maacht Wodka an d'Wäschmaschinn.

Lauschtert eran

Foue botzen

Heiansdo muss et net deen deiere Produit aus dem Supermarché si fir d'Wunneng nees Picco-Bello ze kréien. Mam Wodka kann een doheem esou allerhand nees propper kréien. Esou zum Beispill wann der d'Foue botze wëllt. Einfach de Wodka op ee Läppche schëdden an domat iwwert d'Fou fueren, e puer Minutten anzéie loossen a mat enger aler Zännbiischt botzen.

Schong 

Hutt der elo zum Beispill doheem e puer Schong stoen, déi lues a lues ufänken ze richen an der wëllt se awer net an d'Wäschmaschinn geheien, dann hëlleft och hei den Alkohol. Huelt eng kleng Spray-Fläsch bei Hand, fëllt se bis an d'Hallschent mat Waasser an déi aner mam Wodka. Elo musst der se just nach gutt rëselen an är Schong bannen domat asprayen. Stellt se enzwousch hi fir ze dréchenen a voilà, se sténken net méi.

Wäsch

Och sténkeg Dicher oder Lompe kann ee domat nees an d'Rei kréien. Maacht alles wat der wäsche wëllt an d'Wäschmaschinn, a schëtt einfach eng hallef Taass Wodka an d'Maschinn selwer. Start de Programm an esoubal se sech mat Waasser gefëllt huet, stoppt der se. Elo musst der eng gutt Stonn einfach waarden an de Programm dono fäerdeg lafe loossen. Frësch gewäsch a mat engem neutralen Doft kënnt der är Lompen ophänke fir ze dréchenen.

Harespele lass ginn

Fir de Summer dann nach ee klengen Trick deen näischt mat wäschen a botzen ze dinn huet. Wann d'Harespelen nees kommen an dir se verdreiwe wëllt, musst der mat enger Spray-Fläsch e bësse Wodka an der Ëmgéigend verdeelen an déi kleng Insekte verzéie sech méi séier wéi der kucke kënnt.