D’Mrs. oder de Mr. Right ze fannen ass guer net esou einfach! Ëmmerhi ginn et schonn eleng hei zu Lëtzebuerg iwwer 500.000 potentiell Partner.

Lauschter hei!

Sozialpsychologen hu sech méi genau mat eiser Partner-Sich beschäftegt an erausfonnt datt et 3 verschidde Forme vu Verléift si ginn : Déi éischte grouss Léift, d’intensiv Léift an déi onerwaarten. Et kann natierlech och geschéien datt een déi zweete Léift e Puer mol duerchlieft.

Déi éischte Léift ass déi grouss Léift – déi déi een ni vergiesse wäert. Déi eenzeg Persoun déi perfekt war - mee eigentlech och just an der Erënnerung. Bei der éischter Léift ass ee jonk, ouni Erfarung an et gesäit een alles duerch de bekannte rosa-roude Brëll. De Problem : Vertässelt een de Brëll an et gesäit ee just nach d’Realitéit, bedeit dat dacks d’Enn fir d’Bezéiung. Hei léiere mir awer vill, zum Beispill datt ee säi Partner net idealiséiere soll.

Déi zweete Léift bréngt och Hindernisser mat sech. Well eréischt hei léiere mir wat mir wierklech wëllen a brauche fir frou ze sinn. Dacks ass en och en Dauer-Gaascht op der Gefills-Achterban. Esou ginn et vill schlecht Zäiten awer och ganz vill gudder. Ginn et awer méi schlechter, mierkt ee séier wat ze maachen ass, well an der 2. Léift léiere mir: Wann eppes fäerdeg ass, soll een och e Schlussstréch zéien.

Déi drëtte Léift gëtt och déi onerwaarte Léift genannt. Mir erwaarde se net an dann op eemol ass se einfach do. Hei siche mir dann och net méi no eiser Idealvirstellung. Mir akzeptéieren de Géigeniwwer genee ewéi en ass.