D’Kakao-Boun, ee vun de beléiftste Liewensmëttel dat et gëtt. Net nëmme kann ee Schockela draus maachen. Mee d’Zauber-Boun soll och nach gesond sinn!

Lauschter hei!

Eng rezent Etüd huet erausfonnt datt Schockela vill Stoffer enthält déi d’Gehier positiv beaflossen. Esou ass e Stéck Schockela eng séier Léisung falls een ënner Depressiounen oder Angschtzoustänn leit. Am Beschte gräift een hei och op schwaarze Schockela zeréck, well deen huet manner Zocker a méi vun de gudde Stoffer.

Schockela oder d’Kakao-Boun gëtt awer schonn zanter längerem benotzt. Esou war se scho 450 Joer viru Christus populär. Hei gouf d’Boun zu engem fermentéierte Gedrénks weiderverschafft. Iwweregens, ass den Aztecen no, d’Kakao-Boun e Kaddo vum Quetzacoatl, engem vun hire Gëtter.

Laut de Fuerscher huet d’Kakao-Boun vill Vitaminnen, Fettsaieren a Flavonoiden. Déi reduzéieren de Risk vun Häerz-Erkrankungen a Kriibs. Ausserdeem verbessere se d’Leeschtung vum Gehier. De Schockela huet awer nach vill weider Stoffer déi eis hëllefen, net nëmme fir grouss a staark ze ginn, mee och fir méi glécklech ze ginn.

All Dag e bësse schwaarze Schockela iesse soll Depressiounen eenegermoosse reduzéieren. Bei Angschtzoustänn soll de Schockela esouguer vill hëllefen. Iwwert eng länger Period soll d’Laun verbessert ginn. Esou si Schockela-Frënn am Schnëtt méi glécklech.

D’Fuerscher hunn och verschidden Theorië firwat de Schockela, oder besser gesot d’Kakao-Boun, esou e positiven Effekt op eis huet. Zum Beispill gi se dovunner aus datt de Schockela u sech e Cocktail aus ville Stoffer aus déi all zesummeschaffen. Aner Wëssenschaftler mengen datt eis Laun besser gëtt well mir d’Séisst vum Schockela oder de Schockela selwer genéissen. Ausserdeem kéint de Placebo-Effekt eng Roll spillen.

Mee eigentlech ass dat zimmlech egal! Haaptsaach et huet een eng weider Excuse fir méi Schockela ze iessen.