© pexels.com
Op de Streamingdéngschter ass et esou flott: et kann een einfach eng Folg no der anerer kucken. Ma dat soll een anscheinend awer besser si loossen.
Jidderee kennt et. Ganz vill hunn der och scho gemaach. Binge-watching! Elo an der Pandemie si verschiddener ënnert eis souguer richteg Experte ginn. Ma elo gëtt et awer eng schlecht Nouvelle fir d'Fans vum Seriemarathon: esou gutt ass dat guer net!
Et ass esou einfach: eng Folge ass fäerdeg, et ass ee voll dran an der Handlung vun der neier Liiblingsserie, a scho geet de Button beim Streamingdéngscht un mat "next Episode". Just e puer Sekonnen huet een Zäit fir ze reagéieren. Effektiv kucken enger Ëmfro vun TV Digital no ronn 80% vun de Befroten am léifsten eng Folge no der anerer. Dat läit dann awer dodrun, dass mer manipuléiert ginn. Nieft dem "Next Episod"-Button kann een och d'Introe vun de Serien iwwersprangen an et gëtt keng Ënnerbriechungen. An déi berüümte Cliffhanger um Enn vun de Folgen halen eis och beim Ecran.
D'Bingewatche kann dann awer Konsequenzen op eis Gesondheet hunn. Eemol riskéiere mer manner ze schlofen. Amplaz iergendswann opzehalen, huet een an enger Kéier 20 Episoden gekuckt an et ass 4 Auer Mueres. Ma dat get enger Ëmfro vum Journal of Clinical Sleep Medicine awer e Problem wann een dat reegelméisseg mécht. Doduerch kann ee Schlofstéierungen entwéckelen a mat Erschöpfung ze kämpfe kréien. Zousätzlech kann d'Bingewatchen zu Beweegungsmangel féieren. Wann ee stonnelaang virun der Tëlee sëtzt oder läit beweegt ee sech nämlech quasi guer net. Wien dat reegelméisseg mécht huet ee gréissere Risiko een Häerzinfarkt oder Hireschlag ze hunn.
A wéi reduzéiert een d'Bingewatchen? Eemol kann een dat automatesch Ofspille vun der nächster Folge ausschalten. Da muss een de Choix aktiv huelen nach eng Folge ze kucken. An: wann der mat Kolleegen zesumme kuckt, och iwwer Stream, limitéiert der d'Unzuel un Episode vill méi einfach.