
© Unsplash
Et ass esou wäit! Mir si voll an der Examenszäit op déi sech d’Schüler esou freeën. Dann ass hardcore léieren ugesot.
Leider ass dat awer guer net esou einfach!
Dacks ass ee méi séier ofgelenkt wéi ee mengt. Op dat elo den Handy oder de PC oder souguer ee Knapp un der Box ass: wann ee léiert ass einfach ALLES ronderëm méi interessant.
Leider ass dat awer net déi Astellung déi een duerch d’Exame bréngt. Do hëllefe mir !
Fokusséiert ze léieren ass nämlech guer net esou schwéier. Am Beschte fänkt ee mat der richteger Plaz un. Fir déi eng kann dat d’Bibliothéik sinn, fir anerer e Park. Mee fir richteg duerchzestarte soll een alles wat ee brauch direkt erreechbar hunn.
Wat och hëlleft si Ritualer. Domadder ass eng Routine gemengt déi engem hëllefe soll de Fokus ze halen. Zum Beispill: Ier der ufänkt mat léieren, stretcht der iech 5 Minutten, maacht iech ee Kaffi an sëtzt iech dann dohi fir ze léieren. Maacht der dat all kéiers éiert der mam léieren ufänkt, vereinfacht dat et sech an d’Matière ze verdéiwen. D’Gehier weess dann datt léieren ugesot ass!
Wat awer am meeschten hëlleft ass: Einfach den Handy an de Computer ausschalten. Am Schnëtt brauch een nämlech 23 Minutte fir seng Konzentratioun erëm ze fannen, wann ee bis ofgelenkt ginn ass.
Zu Gudder Lescht nach eppes wat een entweeder net genuch oder ze vill mécht: D’Pausen! Et ka séier geschéien datt een iwwerfuerdert ass well ee sech iwwerugestrengt. Da geet och op eemol näischt méi an de Kapp eran. Hei hëlleft en Timer. Stellt dësen op 25 Minutte a léiert bis e schellt. Da belount der iech mat enger 5 Minutte-Paus.
Esou bléift ee motivéiert a konzentréiert an ass prett fir de Rescht vun den Examen.