© POOL/AFP/File/Britta Pedersen
No engem Tweet vum Tesla-Grënner Elon Musk, hat de Bitcoin bannent e puer Deeg ronn 10.000 € u Wäert verluer.
Am Laf vun de leschte 7 Deeg ass de Wäert vun der Kryptowärung Bitcoin kontinuéierlech gefall. Wärend ee Bitcoin den 11. Mee nach bal 45.000 Euro wäert war, läit de Wäert vun enger Eenheet vun der Kryptowärung den Ament nëmmen nach bei ronn 35.000 Euro.
De Verloscht vum Wäert vum Bitcoin huet ugefaangen nodeems de Chef vun Tesla, den Elon Musk op Twitter matgedeelt hat, dass Tesla bis op Weideres keng Bitcoine méi als Bezuelmethod akzeptéiere wäert. Dëst well d'Kryptowärung ze vill Stroum verbrauche géif an dowéinst e schlechten Impakt op d'Ëmwelt hätt.
Tatsächlech ass et dann och esou, dass de Bitcoin an engem Joer méi Stroum ewéi Argentinie verbraucht. Dat läit un der Technologie op där de Bitcoin baséiert ass. Dës féiert ënnert anerem dozou, dass d'Transaktioun vun engem Bitcoin ronn 1.123 Kilowattstonne verbraucht. Sou vill Stroum verbraucht een amerikanesche Stot an 38 an engem Hallwen Dag.
Ma et ginn awer och aner Kryptowärungen, déi op enger Technologie, déi manner Stroum verbraucht, baséiert sinn.
Verschiddener vun dëse méi nohaltege Kryptowärungen erliewen den Ament e klenge Boom. Esou zu Beispill d'Kryptowärung Peercoin. Nodeems dës wärend de leschten 3 Joer ronn 1 Dollar wäert war, war hire Präis e Sonndeg ënnerhalb vun e puer Stonnen op iwwer 5 Dollar geklommen. Och de Wäert vun der Kryptowärung ''ADA'' vum Ubidder Cardano ass bannent de leschte puer Deeg ëm 40 Prozent geklommen. Eng weider Kryptowärung, déi nom Präisverfall vum Bitcoin däitlech u Wäert gewonnen hat, ass de Polkadot. Dësem säi Wäert war tëscht dem 12. an dem 14. Mee vun 29 op 39 Euro geklommen.
Wéi den Elon Musk op Twitter matgedeelt huet, géif hie Kryptowärungen am Allgemenge fir eng gutt Iddi halen. Allerdéngs dierft d'Benotzung vu Kryptowärungen net op Käschte vun der Ëmwelt geschéien.