Mueres opstoen – de wuel schwéierste Schrëtt am Dag. Am léifste géif een einfach leie bleiwen a weider schlofen. Dat ass awer e grousse Feeler!

Lauschter hei!

Zum Gléck ginn et awer e Puer Routinnen déi dofir suergen, datt bei jidderengem mueres d’Sonn schéngt.

Déi meeschte vun eis benotzen den Handy als Wecker, wat jo och kee Problem ass. Awer nëmmen esoulaang ee just de Wecker benotzt. Dacks kucke mir nach eis Messagen, Mailen a wat op Soziale Medie gelaf ass. Dat kascht Zäit, Zäit déi ee mueres net huet! Doduerch ass een duerno just méi gestresst !

Hei dierf een och net de Schlummer-Knäppchen drécken. Wakereg ginn, erëm aschlofen, erëm wakereg ginn a sou weider – dat klengt u sech och net wierklech entspanend. Da wonnert et och keen, wann ee mueres granzeg ass.

Des Weideren ass eng Mueres-Routine den A an O. Wie mueres ouni Struktur duerch d’Haus watschelt, dee verléiert weider wäertvoll Zäit. Am Schnëtt brauch een 21 Deeg fir d’Routine ze etabléieren.

Am meeschten hëlleft awer de Fréi-Sport. Dee kann een och ganz gutt mat der Mueres-Routine verbannen. Mueres lafe goen oder änlech Aktivitéite sinn zwar net eppes fir jiddereen an et brauch een och e bësse Wëllenskraaft fir dat duerchzezéien. Mee duerch de Sport produzéiert de Kierper Endorphiner – déi Hormoner déi eis frou maachen.

Also, wat léiere mir dorausser? Huelt iech déi Zäit déi der braucht. Et huet kee Sënn sech mueres schonn ze stressen, well de zitt sech duerno iwwert de ganzen Dag.