© Unsplash
Ouni Kierperkontakt kann e Mënsch net liewen – en ass essentiell fir eis Entwécklung, eis Gesondheet an eis Wuelbefannen!
Beréiere mir eise Partner oder Frënn, zum Beispill wann ee sech ëmäermelt fänkt eise Kierper u Gléckshormoner, wéi Dopamin a Serotonin fräizesetzen. Esou fillt ee sech quasi direkt méi frou an zefridden.
Huet een awer elo kee mat deem ee kuschele kann, kann dat esouguer krank maachen. Dat ass och e grousse Problem an der momentaner Pandemie. De Mënsch ass en soziaalt Wiesen a brauch Gesellschaft. Dat gesäit een och ganz däitlech bei de Bëbeeën. Ouni Kontaktpersounen entwéckelt sech de Puppelchen nämlech méi lues a leit dacks ënner anere psychesche Stéierungen.
Mee och bei den Erwuessene kann dat zu Problemer féieren. Ënner anerem ass de Risk méi héich eng Sucht ze entwéckelen. Mee och Depressiounen, Ängschten a Stress sinn net auszeschléissen, genee ewéi e reduzéiert Selbstwäertgefill.
Déi virtuell Welt an der mir mëttlerweil liewen hëlleft och net wierklech. Sozial Medien a Videokonferenze kënnen d’Treffen a Persoun einfach net ersetzen.
De gréisste Problem ass awer warscheinlech d’Verfassung vun de Pensionären. Déi ginn nämlech dacks vergiess. Hei ass et wichteg de Kontakt oprecht ze erhalen, well dat mécht d’Bom an de Bop net nëmme frou, mee och méi gesond.
Och wann een den Ament seng Fangere léiwer bei sech hale soll, kann een awer schonn ufänke Pläng auszeschaffe fir no der Pandemie. Da kann een och direkt richteg duerchstarten!