Och wann ee säi Partner gäeren huet, ginn et Saachen déi ee just schwéier akzeptéiere kann. Zum Beispill d’Iessgewuneschten vum Frënd oder der Frendinn.

Lauschter hei!

Du wëlls e Schnitzel mat Champignons-Zooss, däi Partner awer eng Zalot. Oder de Partner kacht einfach falsch. Et gëtt ee just vum Nokucke schonn nervös also mécht een et kuerzer Hand einfach selwer.

Eng Etüd vun Elitepartner huet erausfonnt, datt sech 13% vun alle Koppele reegelméisseg wéinst dem Iessen oder den Iessgewunnechte vum Partner streiden. Zum Beispill, well ee sech net fir e Restaurant entscheede kann oder well deen een deem aneren seng Snacks gefrupst huet. Heivu rode mir definitiv of, ausser et vermësst een d’Single-Liewen!

Iwweregens, eng Koppel déi dacks zesumme kacht huet am Schnëtt och méi Sex. Ganzer 68% vun de Participanten hunn uginn, datt se méi dacks ënnert der Woch hir Zweesamkeet genéissen an datt d’Kachen en enorm wichtegen Aspekt an hirer Bezéiung ass. Am direkte Vergläich hu Koppelen déi net esou dacks matenee kachen, och manner Sex.

Domadder awer net genuch: Zitt ee mat sengem Partner zesummen, gëtt ee méi déck! Dat hunn allefalls Fuerscher aus Däitschland erausfonnt an eppes bestätegt wat mir eigentlech scho wossten. De Grond : Mir passen eis Iessgewunnechten dem Partner un. Gléck am Ongléck huet een da bei der Trennung, well ass ee rëm Single hëlt een dann erëm of.