Am Lift gefuerzt, Toilettëpabeier um Schong oder eng Mail un déi falsch Persoun geschéckt. Mir hunn iech déi heefegst Pannen eraus gesicht.

Lauschtert eran

A sengen eegene véier Wänn behëlt ee sech esou wéi een et fir richteg fënnt. Eng Approche déi natierlech op der Aarbecht net ganz ass. Heiansdo passéieren trotzdeem Saachen, déi zwar net gewollt an awer zimmlech penibel sinn. Doheem géing een driwwer laachen, ma op der Schaff allerdéngs net.

Et kritt een zum Beispill eng Mail an der e puer weider Mataarbechter a Kopie gesat sinn. Wëll een dem Ofsender elo Äntwerten an dobäi nach e bëssen iwwert eng aner Persoun lästeren, dann ass et natierlech blöd wann ee ''Reply all'' dréckt an dat ass alles scho passéiert.

Manner schlëmm a gläichzäiteg méi penibel ass et dann awer wann een eleng am Lift ass, ee fuere léisst a bemol klammen um nächste Stack Leit mat an de Lift. Vue dass dir eleng dra waart ass et kloer wiem säin Auspuff net méi ganz dicht ass. Hei recommandéiere mir et einfach mat Humor ze huelen. Léiwer a Gesellschaft getut, wéi eleng de Bauch wéi.

Net ze vergiessen ass wann een an engem Meeting ass, grad eng Presentatioun hält an engem bemol opfält, dass d'Box op ass. Virun der Konferenz nach séier de Vidange gemaach an an der Hetz vergiess de Stall zou ze maachen.

Gläichzäiteg kéint et awer och mol virkommen, dass ee vun der Toilette kënnt an d'Jupe sech hannen an der Ënnerwäsch verfaangen huet. Wann ee Chance huet gesäit ee just ee gudden Deel vum Been. Huet ee Päsch, da gesäit dee ganze Büro de Culo. Natierlech ass dat Penibel an trotzdeem nach keen Ënnergang! Et Dierf ee Kuch baken net mat Aaschbake vergläichen.