© pexels.com
Gehéiert der zu deene Mënschen déi einfach all Zenario an hirem Kapp duerchginn? Dëse Charakterzuch ass heiansdo schwiereg mee immens wichteg eigentlech!
Der fänkt eng Noriicht 10 mol nei un. Eng Decisioun trefft der eréischt wann der all méiglech Optioun an all Zenario duerchliicht hutt an ärem Kapp. Der sidd also wat een och nach als "Overthinker" bezeechent.
Fir vill Leit, déi vill an intensiv iwwert alles nodenken ass et eng Schwächt. Och, well hire Kapp eigentlech ni zur Rou kënnt. An et hinnen immens schwéier fällt einfach emol ofzeschalten, oder eng Decisioun spontan ze huelen. Dobäi ass et net negativ wann een esou ass. Well de Problem vun den Overthinker eigentlech net am Kapp läit, mee am Häerz.
Leit déi ze vill nodenken maachen dat, well eppes ganz kloer ass an hirem Liewen: et ass hinnen net egal. Si si sech bewosst, dass hir Aktiounen Konsequenzen hunn op hiert Ëmfeld. An si mat verschiddenen Entscheedunge riskéieren anerer ze verletzen. Oder villäicht aus hirem Liewen ze verléieren. An dat fällt hinne schwéier z'acceptéieren. Wann et den Overthinker géing nogoen, wier dat Wichtegst Zil vun der Mënschheet, dass jiddereen dru schafft, dass et net nëmmen engem selwer, mee och deenen anere ronderëm gutt geet. An dofir siche si och bei hiren Entscheedungen no Optiounen déi ee Maximum u Positivitéit ausléisen, a sou mann wéi méiglech een negativen Impakt hunn.
Natierlech hunn dës Leit gäre vill Onsécherheeten. Dass se net gutt genuch sinn fir déi aner. Oder et net verdingen, dass hinnen eppes Positives geschitt. An et ass och wichteg a gutt fir Overthinker dorun ze schaffen. Dozou gehéiert och sech selwer emol als Prioritéit ze gesinn. Ma et ass awer och genee esou wichtge sech bewosst ze ginn, dass hiert Nodenken vill Guddes bréngt, an d'Liewen fir vill Leit an hirem Ëmfeld besser mécht. An och ee Grond ass, wisou vill Leit grad frou sinn, een Overthinker an hirem Liewen ze hunn.